Am Football hält de Gérard Lopez als President vun der Fola op, dat gouf e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz annoncéiert. De Lëtzebuerger Geschäftsmann ass jo zanter Januar President vu Lille aus der ieweschter Franséischer Divisioun.
De Lopez gëtt bei deene Rout-Wäisse vun Esch Éierepresident. De Mauro Mariani ass bis déi nächst Generalversammlung President faisant fonction, wou hien dann awer och als President proposéiert gëtt. Den neie Mann un der Spëtzt vun der Fola huet net musse laang iwwerleeë fir Jo ze soen. Et war um Enn eng Léisung, déi ganz natierlech gefall ass. Zanter 10 Joer géing ee scho ganz enk zesumme schaffen an och als Comité hätt een d'Decisiounen ëmmer zesumme geholl, esou de Mauro Mariani. Dem Mauro Mariani ass et wichteg, dass de Club esou weider gefouert gëtt, wéi dat och ënner dem Gérard Lopez de Fall war. D'Decisioune wäerten och an Zukunft vum Comité getraff ginn an d'Attitude vum Gérard Lopez, bei Projeten mat Leit zesummen ze schaffen, deenen hie konnt vertrauen, wäert och an Zukunft bäibehale ginn.
Et ass gewosst, dass de Gérard Lopez vill Sponsorgelder mat an d'Fola era bruecht huet. De Mauro Mariani geet dovunner aus, dass sech hei net vill wäert änneren. De Gérard Lopez wäert och an Zukunft dru schaffen, der Fola nei Sue vu Sponsoren ze bréngen.
De Gérard Lopez war elo 10 Joer un der Spëtzt vun der Doyenne aus dem Lëtzebuerger Football. Ënnert him huet d'Fola och zwee Championstitele gewonnen.
Op Sportlechem Plang bleift de Jeff Strasser och d'nächst Saison um Gaalgebierg. Dat gëtt dem fréiere Profi seng 8. Saison op der Trainerbänk.
De Goalkeep Tomas Hym huet fir 3 Joer an de Lëtzebuerger Nationalspiller Stefano Bensi esouguer fir 4 Saisone bei der Fola verlängert.
|