|
Den 1 Meter 90 grousse Nationalspiller wëll sech elo op mam Profimilieu etabléieren. Dat ass op jiddwerfalls dat
grousst Zil vum Zentralverteideger. Him géif dee Football gutt leien deen do gespillt gëtt. E wier baséiert op vill Ballbesëtz
, wat him entgéint kënnt. E konnt ënner anerem mam Trainer a mam President vum Veräin schwätzen, an déi géifen op
hie setzen a vill vun him erwaarden, obwuel hien op deem Niveau nach näischt Opweises huet.
Den Tim Hall ass an de leschte Wochen a Méint ënnert anerem och vum belsche Veräin observéiert ginn. Am Kader vun
Testmatcher vun der Nationalequipe haten e puer Veräiner en Aen op den Tim Hall geheit. Do war eben och Lierse dobäi
a si hunn Interessi gewisen. Den Interessi ass ëmmer méi grouss ginn, a schlussendlech huet den Tim Hall en Donneschdeg
den Owend e Kontrakt bei hinnen ënnerschriwwen.
Des Saison elo war den 20 Joer alen Lëtzebuerger Nationalspiller bei Elversberg (D). Beim zweeten aus der Regionalliga- üdwest huet den Tim Hall d'éischt Equipe zwar integréiert, koum awer op keen Asaz. Dat war och e Grond wisou hien do fort wollt well e gesinn huet, dass en do net wierklech seng Chance géif kréien, obwuel e gutt trainéiert hätt. An 2 Testmatcher koum hien zum Asaz an e krut do och gudde Feedback vum Trainer. Mä de Veräin wëll a muss opsteigen, an dofir versteet den Tim Hall, dass den Trainer da kaum e sou e jonke Spiller an d'Inneverteidegung integréiere wëll.
Lo am Juni fänkt also en neien Challenge un, an d'Zil vun sengem neie Veräin, ass natierlech den Opstig an déi héchst Divisioun an der Belsch, deen des Saison ganz knapp verpasst gouf. D'Enttäuschung ass ganz grouss, well dat 2 mol net geklappt huet.
En Donneschdeg, éiert den Tim Hall säin éischte Profikontrakt ënnerschriwwen huet, war et awer nach e laangen Dag ginn. Et sollt moies alles iwwert d'Bühn goen, ma den Dokter hat eppes am Kräizband fonnt. Owes gouf dunn nach en IRM gemaach, wou awer näischt bäi eraus komm ass. Doropshi konnt hien owes spéit awer nach de Kontrakt ënneR- schreiwen an den Tim Hall war natierlech frou.
Et ass also alles an der Rei, an den Tim Hall, deen am Mäerz seng éischt Selektioun mat de Roude Léiwen géint de Cap Vert gefeiert huet, geet dovun aus, datt den aneren FLF-Nationalspiller Aurélien Joachim och d'nächst Saison nach zu Lierse mat him dann zesumme wäert spillen.
|