|
Europarot
vum Anne Brasseur |
|
|
RTL.lu - Sport 25.01.2018 Rapportrice ass d'DP Deputéiert Anne Brasseur. An dësem Rapport hannerfreet si ënnert anerem de Féierungs-stil vun der Fifa. Ze wéineg Geld schued dem Futtball, ze vill Geld mécht de Futtball futti, esou war Och misst een onofhängegt internationaalt Organ geschaf ginn, déi d'Gouvernance iwwerpréift. Hei géif een am Interêt vum Futtball schaffen an net dogéint, et géif ëm méi Kredibilitéit fir eng vun de beléiftste Sportaarte goen. Am Virfeld vun der Presentatioun vum Rapport e Mëttwoch, hat Fifa d'Anne Brasseur bei den anere Membere vun deem Gremium probéiert ze diskreditéieren, an hat e Brandbréif u jidder eenzele Parlamentarier geschéckt, an deem d'Anne Brasseur falsch Aussoe reprochéiert krut. D'lescht Woch sot d'DP-Politikerin am RTL-Interview, dass si dovun iwwerzeegt ass, dass Amendementer zu hirem Text kommen. Ënnert anerem aus der Schwäiz, si hätt awer genuch, fir dem eppes entgéint ze setzen. D'Politik misst hëllefen, datt de Football sech net selwer futti mécht. |
|