Jeunesse-Kapitän Marc Oberweis hält Enn der Saison op
De Marc Oberweis huet eis Informatioun konforméiert, datt hien um Enn vun der Saison ophält mat Footballspillen. De 34 Joer ale Kapitän vun der Jeunesse huet deene Responsabele vum Club dat och um Freideg matgedeelt. Einfach huet sech de Marc Oberweis d'Decisioun awer net gemaach. Hien huet de Plus a Kontra ofgewien an dunn zesumme mat senger Famill sech fir dëse Schratt entscheet.
Dës Saison wëllt de Marc Oberweis bis zum Schluss nach alles ze ginn, fir dass d'Jeunesse um leschte Spilldag op der 4. Plaz an der Tabell wäert stoen. Fir déi nächst Saison wär d'Motivatioun awer net méi duergaangen, fir sech nach all Dag an de Goal ze stellen, esou nach de Marc Oberweis.