Muller verléisst de Racing
Grettnich iwerhëllt
Centre de Formation de Football
Neien iwerdachten Trainingsterrain
Neuer Vorstand bei der FLF
Léo Hilger, neu im Vorstand
Jans meilleur défenseur de D1 belge
L'exploit du jeune pro luxembourgeois
Platini zieht Kandidatur zurück!
Keine Chance mehr zu gewinnen.

 

Notre site:
www.profootball.lu
Notre email:

Notre compte:
ING
lu06 0141 9374
4040 0000







 

Dernier changement:
1er février 2016
email:

Notice légale: Profootball © 


--- Pro Football feiert 2016 sein 10-jähriges Bestehen. ---

 

 

 
pilo-fonck-uefa-210427_mediumsquare
PILO FONCK


Mamer Konferenzowend Philatélie

16. November 2008
50 Joer mat der Football-National-Equipe :
meng memorabelst Erliefnësser !
Déi bescht Konferenze sinn déi, déi ee selwer hält ; bei deenen anere schléift ee gewéinlech an »,…huet emol eng Kéier en dichtege Mann sarkastesch gesot…

Ech hoffen, datt ech Iech an der nächster halwer Stonn net esou eng Schlofpëll verpassen.

De Ralph Letsch, de President vum Cercle Philatélique Mamer, deen net nëmmen déi gutt Iddi hat, d'Journée du Timbre 2008 mat dem 100.Anniversaire vun der FLF
a vum Football hei zu Lëtzebuerg ze verbannen, an dee fir d'Organisatioun vun deene verschiddenen Manifestatiounen grad esouvill Kreativitéit, Leidenschaft an Asaz opbruecht huet, wéi senger Zäit säi Papp, de Léo Letsch als Football Nationalspiller, resp. säi Grousspapp, de Nikela Frantz, deen eenzege Lëtzebuerger, deen zweemol den Tour e France gewonnen huet…

De Ralph Letsch also wollt eigentlech dee Virtrag hei : « Dem Pilo Fonck seng schéinst Erënnerungen un d'Football-Nationaléquipe » iwwerschreiwen. Mir sinn eis eens ginn, den Ausdrock « schéinst Erënnerungen» duerch « memorabelst Erliefnësser » z'ersetzen.
 

« An deem halwe Jorhonnert nämlech , wou mir d'Chance haten, eis Nationaléquipe ze suivéieren,  goufen et net nëmmen - dat kann ee sech liicht virstellen - schéi Momenter.
Et goufen och batterer, déi net esou einfach am Kapp ze läsche sinn, déi am Verhalt hänke bliwwe sinn an dofir (och - leider) ze deene memorabelste gehéieren.

Mir waren dacks derbäi - an et huet all Kéier openeits wéi gedoen - wa mer der schwéier bei den Deckel kruten. Dräimol goufe mer besonnesch uerg gebeetscht ; dräimol war d'Resultat iwwregens identesch : 9-0 ! Enfin 0-9 fir déi aner…Dat war fir d'éischt de Fall 1960 um Stadion an den Ausscheedunge vun der WM géint England. Mir sinn deemools esou ausernee geholl ginn (de Letsche Leo wäert sech och drun erënneren) datt de fréiere renomméierten Nationalspiller Henri Reiners a senger héich geschater Chronik am
Lëtzebuerger Wort ganz offen d'Fro gestallt huet, ob Lëtzebuerg net einfach op EM a WM Qualifikatioun verzichte sollt. De bluttjonke Radio-Reporter, dee mer waren, huet deemools vehement widdersprach : « wa mer dat génge maachen, wier eise Football dout ! »

Iwwregens huet eis Nationaléquipe (nëmmen e knappt Joer dono), an deeër selwechter WM-Campagne, fir eng fatzeg Sensatioun gesuergt, wéi se de Portugal (mat all senge Vedettë vum Coupe d'Europe-Gewënner Benfica) 4-2 geklappt huet, woubäi den Ady Schmit sech mat dräi Goaler a ganz Europa bekannt gemaach hat.  Ironie vum Schicksal : duerch de Lëtzebuerger Triumph konnten d' Englänner ëm de Bobby Charlton sech fir d'Schlussphase vun der WM a Chile qualifizéieren. Soss wiere si, amplaz vun de Portugisen, doheem liwwen !
 

En anere 9-0, dee schrecklech war, gouf et 1979 zu Koblenz. Et war zwar nëmmen e rëndschaftsmatch géint Däitschland, mee wat de Verdross grad esou grouss, souguer nach éi grouss gemaach huet : 't war géint d'B-Equipe vun Däitschland ! Deen Debakel war msou méi batter fir déi, déi  e Jorzéngt virdrun, zu Oochen ganz houfreg mat erlieft haten, éi eis Spiller déi grouss däitsch A-Equipe mat Sepp Maier, Berty Vogts, Franz eckenbauer, Overath, Uwe Seeler, Jupp Heynckes a Co bis déi allerlescht Minutt ziddere
gedoen haten.
 
Dee leschten 9-0, dee mer iwwer eis ergoen hu misse loossen, war 1982 zu London um embley an den Aussscheedunge vun der Europameeschterschaft. Deen Dag sinn
d'Englänner mat enger Dampwalz iwwer eis Equipe ewech gefuer. 't war esou schlëmm, datt er, 5 Minutte vru Schluss, wéi et nach nëmme 6-0 stong,  am Direktreportage um Radio ergendwéi versicht hunn, eis ze tréischten an dofir bemierkt hunn : « wann et bei 6-0 bleift, a si mer nach gutt ewech komm » An dunn et nach dräimol geklaakt ! 't war esou schlëmm, att de Louis Pilot, eisen Nationaltrainer, déi Zäit, nach e puer Stonnen nom Match gekrasch uet : hie konnt (wéi mir iwwregens och) deen Ënnergank einfach net verstoen, well an deene atcher virdrun (géint Dänemark 1-2, géint Griichenland 0-2 a speziell an Italien 0-1) eis quipe wierklech solitt opgetruede war.
 
Déi Nidderlage waren, wéi gesot, ganz sauer a bleiwen dofir memorabel, grad wéi en tlech anerer, déi eis nach am Kapp ronderëm dréien. Am meeschten awer ass eis
wahrscheinlech deen onwierdege Spektakel vun 2004 op de Mo geschloen : Wéi d'Selektioun um Allan Simonssen  sech um Stadion 0-4 géint Liechtenstein blaméiert huet : et hätt deen ag géint dee vermengtlech méi schwaache Géigner zweestelleg ausgoe kënnen ! Passons… Schloe mer d'Blat léiwer ëm fir déi schéinst Erënnerungen un d'Nationaléquipe, sou wéi et fanks de Wonsch vum Ralph Letsch war.
 
Déi schéinst si vläicht déi rezenst. Net nëmmen, well se nach am beschten am Gediechtnes präsent sinn : ugefaangen bei deeër formidabeler 2-1 Victoire vrun zwéi Méint zu Zürich géint Schwäiz ! Op der Plaz mat z'erliewen, wéi dem Guy Hellers seng jonk Bant an engem offizielle Match, an den Eliminatoirë vun der WM,  dem Erfollegstrainer Ottmar
Hitzfeld seng staark favoriséiert Trupp op d'Kräiz geluecht huet, war a bleift eent vun deene schéinste Glécksgefiller, déi mer op engem Footballterrain haten. Aus e puer Grënn : vrun allem, well den 10.September sechs Spiller - net nëmmen am Nationalkader waren - mee och agesat goufen (Kintziger, Payal, Bettmer, Lombardelli, Kitenge a Gerson), déi alleguer, vum Alter hier, den Dag virdrun mat den Espoiren a Moldawien hätte spille kënnen : déi deemno 21 Joer a manner haten :  mat deene Bouwen also huet eis Equipe déi héich cotéiert schwäizer Profien geklappt : dat versprécht fir d'Zukunft. 
 
Zweete Grond, fir datt dee Succès am Letzigrund memorabel bleift. Eisen Erfolleg war net mat den Hoer erbäi gezunn, war net d'Resultat vun enger heroïscher Ofwierschluecht, mee e war héich verdéngt, sou gutt wéinst der Qualitéit vum Jeff Strasser a Fons Leweck hire Goaler, wéi och a besonnesch, well eis Leit 90 Minutte laang matgespillt hunn : an der zweeter Halschecht hu se souguer méi dacks op de Goal geschoss wéi d'Schwäizer. Dee
Phenomeen huet sech iwwregens genee vrun engem Mount beim 0-0 Gläichspill géint d'Moldawier widderholl, wéi mer no der Paus zwéi Bäll widdert Poteau a Lat gesat hunn.
An drëtt Ursaach, datt deen Triumph an der Schwäiz eng ganz speziell Plaz an eise  ouveniren anhëlt : en huet d'Confirmatioun geliwwert, datt den 1-0 a Wäissrussland, eelef
Méint virdrun fir de Kont vun den Europameeschterschaften, mat enger sougenannter Verleeënheetséquipe (an deeër eng hallef Dosen Titüläre wéi Strasser, Hoffmann a.s.v.
gefeelt haaten) kee glécklechen Zoufall war, mee gewëssermoosse schonn e Virzeechen, datt eng nei, eng besser Ära agelaut ass ! 

A Propos d'Victoirë géint Wäissrusland an den EM a géint d'Schwäiz an der WM : 't ass  fir d'éischte Kéier zënter 45 Joer, datt an zwou offizielle Campagnë noeneen d'Lëtzebuerger Nationaléquipe e Match gewënnt : fir d'lescht war dat 1961 resp. 1963 de Fall!
Dréie mer d'Rad vun der Zäit zréck : vun 2008 op 1995 ! 

 
Déi exzeptionnell Epopée an den Ausscheedungen fir d'EM 96 an England ënnert der Direktioun vum Pol Philipp hëlt natierlech eng ganz speziell Plaz an eiser Mémoire an,
grad wéi se an den Annale vun eisem
Football bis elo eenzegaarteg ass : nämlech an enger an deeërselwechter Campagne mat dräi Erfolleger an engem Gläichspill den
ongleewlechen Total vun 10 Ponkten ze huelen !
Op héigem internationale Plang huet dobäi ouni Zweiwel den 1-0 Succès (duerch e Goal vum Guy Hellers) géint  d'Tchechen am meeschte vu sech schwätzen gedon : Tchechien sollt jo e puer Méint méi spéit an d'Finale vun deeër Europameeschterschaft zu London kommen an nëmmen an der Verlängerung duerch dem Bierhoff säi beriimte gëllene Goal 1-2 géint Däitschland verléieren. Mee d'Sëlwermëdail vun den Tchechen huet nodréiglech de Lëtzebuerger Succès , dee sou wéi sou scho sensationell war, nach opgewäert.
 
Mir woen trotzdem ze behaapten, datt dee wichtegsten Erfolleg an deeër memorabler Campagne deen éischte war, den 22.Februar 1995 op Malta. Wa mer deeër Meenung sinn,
dann huet dat glat a guer näischt dermat ze dinn, datt dat Spill op der Mëttelmierinsel dee leschte Match war, dee mer fir de Kont vun der nationaler Radio- an Televisiounsgesellschaft iwwerdroen hunn. Wobäi mer gesondheetlech och nach esou hondsmiserabel drop waren, datt mer beim Retour direkt vum Findel an d'Klinik bruecht goufen, fir operéiert ze ginn.

Wann d'Victoire am Ta 'Qali Stadion net méi aus eisem Kapp ze huelen ass, dann ass et schonn éischter, well nom Manou Cardoni sengem dezisive Goal, eis Equipe an der
allerleschter Minutt ëm d'Friichten vun hire Beméiungen hätt kënne bruecht ginn, wéinst engem onberechtegten 11-Meter, deen de groussaartege Pol Koch am Goal dunn awer, via Poteau, ofgewiert huet.  
Memorabel bleift  den 1-0 deemools op Malta besonnesch och, well et zënter 1972 deen éischte Succès vun enger Lëtzebuerger Nationaléquipe iwwerhaapt an enger EM oder WM-Campagne war : tatsächlech waren et iwwer 22 Joer hier, zënter eis Selektioun (ënnert der Leedung déi Zäit vum Nationaltrainer Gilbert Legrand) zu Esch op der Grenz duerch Goaler vum Gilbert Dussier getréischt an Nico Braun 2-0 géint d'Tierkei fir de Kont vun der WM gewonnen hat… 
Mee wa mer, och haut nach, der Iwwerzeegung bleiwen, datt den Triumph 1995 op Malta vun der Trupp ronderëm de Kapitän Carlo Weis e Meilesteen an der Geschicht vun eisem Football bedeit huet, dann ass et absëns, well doduerch (fir e puer Joer op d'mannst nach) dee sougenannten, vill commentéierten, och kontestéierte « Modell Lëtzebuerg » net ofgeschaf gouf, deen et zënter 1991 gouf, an deen dora bestanen huet, datt d'Nationaléquipe net nëmmen all Saison e grousse Stage an engem auslänneschen Trainingscamp gemach huet, datt si net nëmme vrun all Lännermatch zwéin, dräi Testmatcher géint eng Profiéquipe spille konnt, mee vrun allem datt d'Nationalspiller (nieft dem Clubtraining) dräi Trainings-Unitéiten mat dem Nationalkader haten : Dënschdes owes , Mëttwochs mueres a mëttwochs Nomëttes. Dat war méiglech, well se Sportscongé kruten a vun hirem Patron op der Aarbecht fräi gestallt goufen.
 
Datt d'FLF dee Modell Lëtzebuerg iwwerhaapt op d'Bee stelle konnt, dat war nëmme méiglech, well Comité Olympique a Sportsministère finanziell zu jee engem Drëttel fir
d'Käschten mat op komm sinn…
 
Wann d' Spill op Malta verluer gaange wier, dann hätt mat Sécherheet d'FLF (ënnert der Presidentschaft vum Norbert Konter) dee Modell missen opginn, sou staark war
d'Oppositioun dogéint, haaptsächlech vun de Veräiner. Mir erënneren eis haut nach, wéi wann et geschter gewiescht wier, un d'Kritik-Tiraden géint de Modell, vun engem Politiker, deen och Clubpresident war…zu Bouneweeg. 
 
Dobäi huet haaptsächlech dee Modell Lëtzebuerg et méiglech gemaach, datt eis Nationaléquipe 1995 déi formidabel  EM-Campagne mat 10 Ponkten spille konnt ! Nëmmen
dank dem Modell hat dee Match op Malta 6 Woche laang konsequent vum Nationaltrainer Pol Philipp a senger Trupp preparéiert konnte ginn.
 
Hie war et och gewiescht, dee sech bei Sponsoren a Patron e fir dee Modell staark gemaach hat, nodeems e scho 5 Joer virdrun, am Hierscht 1990, fir eng besser, méi intensiv
Virbereedung vun eiser Selektioun agetruede war, an et esouguer vun deeër gewënschter, méi professionneller Preparatioun ofhängeg gemaach hat, ob e virun géng Nationaltrainer bleiwen. Seng Wënsch, déi e mat Recht am Intressi vun der Nationaléquipe an der Ëffentlechkeet virgedroen hat, waren ëmsou méi eescht geholl ginn, well en se fir d'éischte Kéier konkret virbruecht hat, no engem Spill, dat ganz Lëtzebuerg an Transë versaat hat : Den 31.Oktober, um Virowend vun Allerhällgen, déi onvergiesse Partie géint eise léiwe Noper Däitschland, deen e puer Méint virdrun, Weltmeeschter gi war ! Natierlech war vrun deem Spill, vrun allem an der Bundespress, nëmmen iwwer d'Héicht vum däitschen Erfolleg Rieds gaangen. A wéi d'Mannschaft ëm Klinsmann a Völler (déi iwwregens allebéid e Goal geschoss haten)  direkt no der Paus 3-0 virkoum, huet et tatsächlech een Ament derno ausgesinn, wéi wann eis Equipe eng béis Raafecht kriit. Dat war awer net mam Houfert vun eise Spiller gerechent. Déi lescht 40 Minutten ass et bal nëmme méi an eng Richtung gaangen : op d'Këscht vum Illgner am däitsche Goal. An dee war frou, datt en um Enn eng gellech Bomm vum Marc Birsens esou just eraushuele konnt, soss wier de Match 3-3 ausgaangen. Virdrun hate nämlech Jemp Girres a Roby Langers mat hire Goaler den neie Bundestrainer Berti Vogts op de Bam gedriwwen…Ënnert deene 9000 Leit am ausverkaafte Stadion waren d'Lëtzebuerger Supporteren natierlech aus dem Heischen.
 
Déi schéinst, déi emotionellst « Standing Ovation » hate mer awer vläicht, genee e Joer virdrun, am Oktober 1989, zu Bréissel am Heysel erlieft. Du schonn hat eis Equipe géint déi belsch Favoriten esougutt ausgesinn, datt all Mënsch am Stadion et als eng Ongerechtegkeet ëmfonnt huet, wéi 5 Minutte vru Schluss d'Belsch 1-0 a Féierung gongen an de Match gelaf geschéngt huet. Wéi dunn awer  zwou Minutten virum Enn, ausgerechent de Guy Hellers, dee wéinst senger exemplarescher Carrière beim Standard Lekk op alle belschen Terrainen déi bescht Renommée hat, den 1-1 Ausgläich markéiert huet, dunn ass dat, och vum belsche Publikum, esou gutt opgeholl ginn, datt eis Equipe minuttelaang en Applaus krut, un dee sech déi Bedeelegt ganz bestëmmt haut nach gutt erënneren.
 
Och wa mer an eisen Erënnerungen elo méi selektiv musse ginn - soss sprenge mer den zäitleche Kader, deen de Ralph Letsch eis gesat huet - an éier mer un déi absolut verréckt Epoque aus dem Joer 1963 mat deene ni fir méiglech gehalene Matcher géint Holland an Dänemark zréck kommen, wëllte mer e puer aner (och) ganz bemierkenswäert Evenementer net ënnerschloen.
 
Do ass emol den EM-Match 1987 an Irland gewiescht. 't war iwwregens den éischten, (no senger Naturalisatioun) vum grousse Beggener Goalguetter  Armin Krings, deen dann
och d'Konschtstéck fäerdeg bruecht huet, gläich fir seng Première ze markéieren. 't war dee Match och, wou de Roby Langers als beschte Spiller um Terrain vun den Iren designéiert gouf. An uewendrop hat eis Equipe als Ganzt exzellent gespillt an nëmmen 2-1 verluer. Dat huet dem Reporter gutt gefall an och an de Krom gepasst, well en hat sech bei senger Direktioun staark derfir gemaach, datt de Match vun Dublin aus, en direct um Hei Elei, Kuck Elei iwwerdroe géif. 't war fir d'éischte Kéier, datt et aus dem Ausland eng Direkt-Football-Iwwerdroung op der Lëtzebuerger Televisioun gouf. Well mer virdrun als Radiosmann dacks gelästert gi waren, mir kënnten eis Nationaléquipe do jo schéi rieden, et géif jo keen dat kontrolléiere kënnen, ware mer frou, datt dunn all Mënsch sech duerch d'Televisiounsbiller iwwerzeege konnt, wéi gutt sech eis Leit op friemen Terraine verkafe géifen…
 
Ee Saz och, iwwer e Match, am Mee 1985, an de WM-Aussscheedungen zu Babelsberg, an der DDR, déi déi Zäit nach DDR war, déck véier Joer, éier d'Mauer gefall ass.
Coach vun eiser Equipe war dunn de Jugendnationaltrainer Josy Kirchens, deen den Interim gemaach huet, nodeems de Belsch Jeff Vliers op d'Schëff geschéckt gi war - eng Episode, op déi mer nach agoe wäerten. D'DDR huet sech logescherweis 3-1 behaapt, hat awer schlecht gespillt a gouf och allerhand ausgepaff. Dogéint huet den ostdäitsche Publikum frenetesch applaudéiert, wéi de Roby Langers de Lëtzebuerger Goal geschoss huet. Et war säin éischtenan der Nationaléquipe. Mir hunn d'Bild nach vrun den Aen, wéi e sech mat ausgestreckten Aarmen vrun de Gradine vum Publikum feiere gelooss huet. 't war bal surrealistesch mat z'erliewen, wéi e Lëtzebuerger Footballer op engem DDR-Terrain de King war ! 
 
Surrealistesch war och bei deem Deplacement, wéi ee vun de Journalisten, déi zesummen mat der FLF-Delegatioun an d'DDR geflu waren, vun de Federatiouns-Offiziellen invitéiert gouf, mam Zuch nees heem ze fueren, well am Flieger ee Gaascht derbei war, mat deem um Départ net gerechent gi war. D'Journalisten hu sech alleguer ënnereneen solidaresch gewisen a si mat engem 'Rent-e-car' Gefier vu Berlin op Lëtzebuerg zréckkoum…
 
E weidere Spronk an der Zäit : Am Dezember 1984 huet eis Nationaléquipe eng Tournée duerch d'Mëttelmier gemaach. 't war keng Vakanz, mee e schwéiere Pensum. An
Zäit vun enger Woch hat si dräi (Frëndschafts)Matcher ze spillen: op Zypern, an Israel an an der Tierkei. Déi dräi Partien sinn zwar verluer gaangen, awer knapp : 0-1, 0-2 an nach eemol 0-1, soudatt net d'Resultater d'Haapterënnerung sinn. Vill méi dat, wat mat der Persoun vum Nationaltrainer Jeff Vliers ze dinn hat. Loosst eis net verheemlechen, datt mir vun Ufank un kritesch mam fréiere Profi vum Standard Lekk ëmgaange sinn, well seng Trainingsmethoden eis guer net gefall hunn. Datt en dunn och nach am Aller-Match géint d'DDR zu Esch de Roby Langers, eise beschte Spiller déi Zäit op d'Bänk gesat hat, huet d'Saach net besser gemaach, ëmsou méi eis Selektioun an den dräi éischte Matcher ënnert senger Direktioun géint Frankräich, DDR a Bulgarien 13 Goaler geschoss kritt hat, ouni selwer een ze schéissen. 
 
Du koum also déi ernimmt Mëttelmier-Tournée. D'Stëmmung war um Départ scho gedréckt. An du gouf et an Israel en Zwëschefall, deen näischt besser gemaach huet. De Jeff Vliers, deem säi Credo ëmmer en haarde physeschen Asaz war, huet de Nidderkuerer Bäck Jängy Schmitz lautstaark encouragéiert, säin direkte Géigner op d'Schëpp ze huelen. Säin Ausdrock « casse-le » war esouguer an eisem Direktreportage um Radio ze héieren. Dat war natierlech zimlech penibel. Vill méi penibel gouf d'Affär, wéi e puer Minutten drop, de Jängy Schmitz sech bei engem haarden Asaz (wéi den Trainer et verlaangt hat) d'Bee gebrach huet. Dir
kënnt Iech d'Ambiance virstellen. 
 
De Schlussakt koum dräi Deeg dono an der Tirkei : Nom Match, deen emol net esou schlecht war, koumen zwéi vun eisen Haaptspiller, den Hubert Meunier an de Gilbert Dresch un eise Mikro an hunn - ouni emol doriwwer gefrot ze sinn - spontan (a Präsenz vun hirem Coach !) iwwer d'Antenne d'Nouvelle zum Beschte ginn, « si géifen net méi fir d'Nationaléquipe zur Verfügung stoen, wann den Här Vliers Nationaltrainer bleife géif »… Hien ass et net bliwwen !
 
Eng aner remarquabel Tournée war et véier an en halleft Joer virdru ginn. Nationaltrainer war déi Zäit eise Frënd Louis Pilot, wuel de beschte Profispiller, dee mer
jeemools haten, an deen als Trainer komplett nei Weeër mat der Nationaléquipe aschloe wollt. Ë.a. regelméisseg Testmatcher géint auslännesch Profiéquipen ze spillen. Dat beim
Comité Central duerchzesetzen war net ëmmer ganz einfach. Soit ! Seng formidabelst Iwwerzeegung- Aarbecht hat de Coach 1980 fàerdeg bruecht, wéi e bei de Responsabele vun der FLF den Accord krut, mat engem Grupp vun nëmmen eisen Amateur-Nationalspiller (ouni eis Profien also) an Indonesien, zu Medan un engem groussen Tournoi deelzehuelen, deen zwou Woche laang gedauert huet. Nëmme niewebäi bemierkt : d'Wiederkonditioune waren terribel : permanent iwwer 30 Grad Hëtzt bei enger Loftfiichtegkeet vun 90 Prozent. 't war schrecklech. An dobäi waren an 13 Deeg 7 Matcher ze spillen. Benny Reiter, Marcel Di Domenico, Gilbert Dresch a Konsorte schwätzen haut nach dervun. An dat net nëmmen well si et fàerdeg bruecht haten, déi éischt Deeg Thailand an esouguer Südkorea ze klappen. Mee villméi waren et déi exzeptionnell klimatesch Bedingungen, déi dat Deplacement aussergewéinlech gemaach haten. 
 
Fir eis awer, bei wäitem am meeschte bemierkenswäert, war d'Tatsaach, datt de Louis Pilot et fäerdeg bruecht hat, datt de Kalenner vum Championnat extra amenagéiert gi war, fir datt d'Nationaléquipe un deem Frëndschaftstournoi deelhuele konnt. Deen Turnéier ass nämlech vum 1.bis den 13.Mee 1980 gespillt ginn, wou normalerweis de Schluss vun eisem Championnat gewiescht wier.
 
Kënn Dir Iech virstellen, datt esou eppes haut och nach méiglech wier ??? Mir kommen esou lues un d'Enn vun eisen Erliefnesser mat der Nationaléquipe : déi
vum 60-er Jorzéngt, dat ganz am Zeechen vun engem Nationaltrainer stong, deen eng staark Perséinlechkeet war, streng awer gerecht, deen am Laf vun de Joren net nëmmen taktesch z'evoluéiere wousst, mee och am Ëmgank mat de Leit, ouni jeemools seng Prinzipien ze verleechnen : den Däitschen Robert Heinz, deen 1960 op Lëtzebuerg koum (an enger Zäit,   wou am Vollek den zweete Weltkrich nach net vergiess war) an deen eréischt am Summer 1969 - net gären - fortgong : säin Départ hat him iwwregens d'Nationaléquipe mat engem feinen 2-1 Erfolleg géint Mexico verschéinert, woubäi e gewëssene Pol Philipp mat engem formidabele Volleyschoss den dezisive Goal markéiert hat.
 
E puer Méint virum Robert Heinz sengem Départ hat eis Nationaléquipe am Kader vun der WM-Qualifikatioun nach en Deplacement an Osteuropa (Polen a Bulgarien) gemaach, dat fir allerhand Gedäisch gesuergt hat. 't war fir d'éischt (an och fir d'leschte Kéier), datt mir erlieft hunn, datt en Nationaltrainer an der Halschecht vun engem Match en Offizielle vun der Federatioun, deen och nach Delegatiounschef war, aus dem Vestiaire erausgeworf huet : de gudde Mann, deen déi Nuecht virdrun vill gelidden an dofir och den Transfert mam Bus vum Hotel op den Terrain verpasst hat, war just vrun der Halschecht mat engem Taxi ukomm, a wéi eis Equipe deen Ament schonn 0-5 hanne louch, wollt en am Vestiaire de Spiller - soe mer emol - eng Moralpredigt halen. E war ganz séier nees dobaussen an der frëscher Loft, déi en och néideg hat. 
 
Den éischten Deel vun deeër Rees (a Polen also) war esou extravagant gewiescht, datt ee sech dat haut iwwerhaapt net méi virstelle kënnt. Wéi d'Lëtzebuerger Delegatioun zu Warschau um Flughafe gelannt ass, war de Korrespondenz-Flieger fir op Krakau (wou de Match ugesot war) scho fort. Mir haten iwwregens deemools op der Plaz d'Gefill, datt do Absicht am Spill war. No ganz vill Gedeessems blouf keng aner Alternative, wéi e Bus ze bestellen, fir vu Warschau op Krakau ze kommen : am ganzen 200 km op onméigleche Stroossen, an dat an engem Gefier, dat aus enger anerer Zäit war : et huet esouguer duerch den Dag era gereent.

Mir verschounen Iech mat aneren Detailler. Soe mer just, datt d'Equipe eréischt no Hallefnuecht am Hotel ukoum, ouni eppes giess ze hunn, an du gewuer gouf, datt d'polnesch
Federatioun de Match op mueres 10 Auer (!) virverluecht hat. Den Heinz war an all sengen Zoustänn, ëmsou méi déi ganz Nuecht och nach generéis Meedercher un d'Zëmmerdiere klappe gaange sinn.
 
Kuerz, et huet kee Mënsch (mat deeër enger Ausnam, vun deeër mer Iech geschwat hunn) der Equipe iwwel geholl, datt si komplett ënnergong. D'Polen haten 8-1 gewonnen, woubäi de Lubanski, deen sech dono als Profi en Numm gemach huet, 5 Goaler eleng geschoss hat. Virun allem gong et drëm, d'Equipe moralesch nees opzebauen, well dräi Deeg dono de Match a Bulgarien war. Fir moralesch Oprüstung huet deemools vrun allem den Theo Stendebach mat senger décker Sch…. Pardon mat sengem onwahrscheinleche Mondstéck gesuergt : an zu Sofia ass d'Equipe opgetrueden wéi déi Grouss, an hat op d'mannst e Gläichspill verdéngt, amplaz 2-1 ze verléieren, wobäi de John Leonard, wéi schonn zu Krakau, Goalguetter war.
 
Mir haten d'Zwëschefäll vun deem Deplacement um Radio sou vehement commentéiert, datt den FLF-Interimspresident vun deeër Zäit, de Nicolas Birtz (deen net bei der Rees derbäi war), eis Direktioun gefrot hat, op der Antenne z'äntwerten. En huet awer drop verzicht, wéi en driwwer informéiert gouf, datt mir no senger Äntwert eventuell nach eemol Stellung géifen huelen.
 
Eng Anekdot och nach aus dem Joer 1965, vum WM-Spill Norwegen-Lëtzebuerg, zu Trondheim, ganz uewen aus am héigen Norden. Fir dee Match hat de Robert Heinz mateneen véier jonk Kärelen opgestallt, déi fir d'éischte Kéier derbäi waren : den Erwin Kuffer, de Fernand Jeitz, den Norbert Reiland an den Edy Dublin. Dat huet net verhënnert, datt eis Leit super gespillt hunn an an der Paus duerch Goaler vum Brennesch Ern an dem Dublin s Ed 2-1 vir waren. Am Ufank vun der zweeter Halschecht war et op en Hoer 3-1 ginn, wéi de Spitz Kohn (zënter laange Jore Profi an Holland, op deen fir d'éischte Kéier an der Ära Heinz och zréck gegraff gi war) vun 30 Meter eng Bomm widdert d'Lat gekraacht hat. Jee - och wann de Match um Enn 2-4 verluer gong, den Nationaltrainer war héich zefridden, an huet owes nom Iessen, zur allgemenger Iwweraschung, der Equipe matgedeelt, well se sougutt gespillt hätt, géif en hir fir eng Kéier erlaaben, bis eng Auer eraus ze goen. Zwéi Mann, déi scho laang am Geschäft waren, haten dee Message trotzdem net richteg verstoe wëllen. Wéi si um 3 Auer mueres erakoumen, souz den Trainer an der Trap op si ze waarden : Zu deem engen
sot en : Sie wissen ja Bescheid, was das bedeutet…an deen anere war verwonnert ze héieren : Sie haben heute unter meiner Leitung zwei Spiele gemaacht : das erste und das letzte !...
De Robert Heinz, e strenge Patréiner, en dichtegen Trainer, gewëssermoossen e Visionnär, jiddefalls e Pionnéier a Saachen Taktik a Strategie, war also de Coach vun deeër
Equipe, vun deem Grupp - muss een éischter soen - deen 1963 e puer Méint laang den europäesche Football gelleg op d'Kopp gestallt huet : mat senge sensationelle Resultater géint Holland an Dänemark an der Coupe d'Europe des Nations, wéi deemools d'Europameeschterschaft nach genannt gouf, a mat der Aart a Weis, wéi eis Selektioun déi Zäit
opgetrueden ass. Si war déi éischt Nationaléquipe an Europa, op der Welt souguer, déi
déi beriimte Linieverteidigung praktizéiert huet. 
 
Ier mer op déi groussaarteg Leeschtunge vun eiser Equipe zréckkommen, ass et vläicht ubruecht, e puer Wuert iwwer d'Taktik vun eise Leit ze soen, déi ze dacks pejorativ a
simplistesch als Abseitsfaal presentéiert ginn ass. Wann den Heinz, deen ewéi all däitschen Trainer, dee sech respektéiert huet, am Ufank mat sturem individuelle Marquage spille gelooss huet, éier e ganz séier op eng kollektiv Zoneverteidigung iwwer gaangen ass, an der Saison 63/64, also no zwee Joer schonn, déi ernimmt Raumverteidigung vu virdrun op enger Linn praktizéiere gelooss huet, da war dat net nëmmen als defensivt Mëttel geduecht, fir d'Attacke vum Géigner duerch Abseits ze briechen, mee virun allem fir eis Equipe méiglechst héich ze halen, also méiglechst offensiv z'operéieren, och géint Géigner, déi um Pabeier vill méi staark waren. Dofir huet eis hënnescht Rei (ëmmer an der selwechter Opstellung mat Erny Brenner, Fernand Brosius, Bizzi Konter a Jim Hoffstetter) ëmmer versicht no bei der Mëttelllinn ze spillen, fir de Rescht vun der Equipe praktesch an d'Halschecht vum Géigner eran ze drécken : d' Mëttelfeld (an deem sech an enger 4-3-3 Organisatioun, Jemp Fiedler,  Ady Schmit, Louis Pilot a Schnuck May ofgewiesselt hunn) resp. de Stuerm mat (Camille Dimmer, Johny Léonard, Jang a Bizzi Klein oder Nicky Hoffmann) . D'Equipe sou offensiv wéi méiglech ze halen, dat war de Sënn an den Zweck vun deeër Linieverteidigung. An et ass net vun ongeféier gewiescht, datt eis Selektioun vu September bis Dezember 1963 a 7 offiziellen oder Testmatcher 13 Goaler geschoss huet, vun deenen der sechs op de Kont vu Mëttelfeldspiller gongen.
 
Holland fir d'éischt an dono Dänemark : Watfir eng Story !
 
Et ass mat engem Coup de chance ugaangen : fir d' 16-tel Finalen vun deeër Coupe d'Europe des Nations, déi déi Zäit nach am k.o.-System mat Aller-Retourmatcher ausgedroe gouf (an net wéi den Euro haut mat Eliminatoiren a Gruppen)…fir d'16-tel Finallen also hat Lëtzebuerg e Fräilous gezunn. Dofir gouf et awer an den 8-tel Finalen en décken Hummer : Holland ! Well um Pabeier sportlech jo iwwerhaapt net mat engem Resultat ze rechne war, wollt d'FLF, déi déi Zäit nach arem wéi Job war, op d'mannst finanziell eng gutt Operatioun maachen. Mat dem Accord vun der UEFA - dat wier haut net méi méiglech - huet eis Federatioun, haaptsächlech an der Persoun vun der Madame Cremona (déi ganz dichteg Generalsecrétairin vum Verband) mat den Hollänner verhandelt, déi zwéi Matcher an Holland spillen ze loossen an d'Recetten ze deelen. D'Saach ass an d'Rei gaangen an d'FLF war héich zefridden, egal wéi batter et um Terrain hiergoe géif…Well géint d'hollännesch Vedetten, déi zwou vif Banten Moulijn a Swart, de laangen Zenterstiermer Nuninga, de Stopper Pronk, déi alleguer an deene Jore grad esou e gudde Numm haten wéi haut Van Nistelrooy, Van der Vaart, Sneijder, Robben a Co, géint déi Borschten gong et jo nëmmen drëm, de Schued a Grenzen ze halen. Huet ee gemengt…
 
Déi éischt Partie, den 11.September 1963, vru 40.000 Leit zu Amsterdam, gouf et awer schonn e fatzegen Hallo. D'Hollänner waren zwar direkt an den éischte Minutten a Féirung gaangen, mee no an no huet eis Equipe d'Spill zur allgemenger Verwonnerung stabiliséiert kritt, huet no enger halwer Stonn duerch de Schnuck May ausgeglach, a wat de Match méi laang gedauert huet, wat d'Hollänner méi nervös goufen : wa se sech net am Abseits verrannt hunn, da war spéitstens beim exzellenten Nico Schmit am Goal Schlussstatioun. Jee, de Match ass 1-1 ausgaangen, a mat deem Gläichspill waren d'Hollänner nach gutt bedéngt. E Schoss vum Nicky Hoffmann an der leschter Minutt war op der Linn eraus geschloe ginn. D'Reaktiounen no deem Match Nul waren eegenaarteg : an Holland ass sech iergendwéi dermat getréischt ginn, d'Equipe kënnt jo net zweemol noeneen esou schlecht spillen ; am Retourmatch géif ee schonn alles kloer maachen. An hei zu Lëtzebuerg goufen et net wéineg Leit, déi ënnerstallt hunn, d'Hollänner hätten absichtlech am éischte Match net sënnerlech insistéiert, fir d' Recette vum zweete Spill ze garantéieren.
 
Fir de Retourmatch, den 30 Oktober zu Rotterdam, waren dann och 45.000 Leit am Stadion, ëmsou méi den hollännesche Selectionneur Elek Schwartz - e bekannte Personnage
am europäesche Football, de Virgänger vum Rudi Michels - net manner wéi 6 Spiller vu Feyenoord opgestallt hat. 
 
Mee vun Ufank un, zum Entsetzen vum lokale Publikum, huet eis Equipe Damp gemaach, an deeër et amplaz vum Nicky Hoffmann an dem blesséierte Goalguetter vum éischte Match, Schnuck May, zwee nei Gesiichter gouf : de Camille Dimmer, deen zu Amsterdam wéinst Verletzung ausgefall war, an de Bizzi Klein. Eis Leit hunn esou an de Match gebass, datt et dem Spillverlaf schonn entsprach huet, wéi de Camille Dimmer no ronn 20 Minutten den 1-0 geschoss huet. D'Hollänner hu wéi wëll reagéiert, eng Véierel Stonn drop och ausgeglach a vun do un esou dominéiert, datt den Nico Schmit am Goal den Held vum owend gouf, zesumme mam Camille Dimmer, dee matten an der hollännescher Iwwerleenheet, mat enger wäiter Pass vum Jemp Fiedler d'Verteidigung iwwerlaf, an dem Pieters- Grafland dat zweet Ee an d'Nascht geluecht huet. 
Wat an de leschten 20 Minutten lass war, kann een nëmmen mat engem Wuert resuméieren : HEROISCH, mat Mann a Maus huet eis ganz Equipe den 2-1 verdeedegt.  
Onnëtz extra z'ënnersträichen, datt d'hollännesch Eliminatioun d'Schlachzeilen an der ganzer europäescher Press geliwwert huet, an de Lëtzebuerger Football (nom Theatercoup zwee Joer virdrun géint Portugal) nees « à la Une » war : Mir hunn zu den 8 beschte Football Natiounen an Europa gehéiert. De Grand Duché war mat engem Schlag football-verréckt ginn. An ass et och nach e puer Woche laang, mat de Matcher an de Véierelsfinnelle géint Dänemark, bliwwen. 
Déi éischt Partie, de 4.Dezember um Stadion, hätt eis Equipe scho misse gewannen : mee dräi Goaler (zwéi vum Bizzi Klein an ee vum Louis Pilot) sinn net duergaangen.
D'Dänen haten en Zenter vir, dee mer net an de Grëff kruten, den Ole Madsen, deen déi dräi dänesch Goaler markéiert hat.
 
De Retourmatch, eng Woch méi spéit, zu Kopenhagen war dramatesch. Um Terrain… a ronderëm, mat engem onwahrscheinlech fanateschem Publikum, deen onbedéngt senger
Equipe hëllefe wollt ze gewannen : kuerz viru Schluss hat de Nico Schmit souguer eng Béierfläsch widdert de Kapp kritt, déi aus de Gradine geworf gi war.
Dat alles huet näischt gedéngt. Eis Equipe, déi duerch de Johny Léonard nees eng Kéier (wéi schonn an Holland) vir kom war, dunn awer duerch Goaler vum Ole Madsen - erëm hien - hannen dra koum, ass nach eng Kéier iwwer sech eraus gewues : 5 Minutte vru Schluss hat den Ady Schmit mat engem terrible Geschëtz aus 30 Meter den 2-2 besuergt : Et huet also misssen, déi Woch drop, e Barragematch gespillt ginn, fir den Halleffinalist z'ermëttelen.
 
Dat Spill, den 18.Dezember zu Rotterdam (do wou 7 Woche virdrun eis Equipe mat hirem Exploit géint Holland opgetrompt hat) ass op d'mannst op engem Plang eenzegaarteg an der Geschicht vun eisem Football bliwwen : Ronn 4000 Lëtzebuerger Supporteren haten sech op  Rotterdam deplacéiert : net nëmmen hunn deen Dag Honnerte vu Lëtzebuerger Privatween d'Parkingen an der Hafestad besat ; et war och e Spezialzuch vu Lëtzebuerg dohinner gefuer, a véier Charter Fligeren organiséiert ginn. Et hat een d'Gefill de ganze Grand-Duché hätt sech zu Rotterdam Rendez-Vous ginn…
 
De Match selwer sollt sech zu engem Alpdraam entwéckelen : ni virdrun, an och nimools méi dono, huet eng Lëtzebuerger Nationaléquipe e Géigner esou dominéiert, wéi deen Dag : mee Dänemark huet um Enn 1-0 gwonnen. Duerch e Goal, nach eemol, vun deem verdammten Ole Madsen !
 
Ouni deen Hold-Up vun den Dänen, hätt eise Football 1964 zesummen mat Spuenien, Russland an Ungarn, un der Schlussphase vun deeër Coupe d'Europe des Nations, vun deeër Europameeschterschaft deelgeholl, also fir d'Plazen 1 bis 4 gespillt. Dat muss ee sech 45 Joer dono nach duerch de Kapp goe loossen, fir et richteg ze begräifen an anzeschätzen. An dobäi huet sech déi ausseruerdentlech Aventure ouni de Vic Nürenberg an de Spitz Kohn ofgespillt, déi an deeër Zäit eis renomméierst Profien am Ausland waren !
 
Deen alleréischten Erfolleg vun der Nationaléquipe, dee mer d'Chance an de Pleséier haten, um Radio z'iwwerdroen, war am Abrël 1960 an den Ausscheedungen fir d'olympesch Spiller, wéi d'lëtzebuerger rout/wäiss/blo déi franséisch blo/wäiss/rout 5-3 Meeschter goufen. De Leo Letsch war nach an deeër Equipe, fir déi Erny Brenner, Marcel Theis, Josy Kunnert, Louis Pilot a Bizzi Konter d'Goaler geschoss haten. Iwwregens hat net vill gefeelt, dann hätt eis Equipe sech deemools fir d'Spiller zu Roum qualifizéiert : si hat nämlech géint d'Schwäiz zweemol gläichgespillt (0-0 an 2-2) a just nëmmen den Aller-Match géint d'Fransousen zu Dijon 0-1 verluer. Eisen Trainer dat Joer war de grousse Pierre Sinibaldi, deen Eere Conférencier als héich-appreciéirte Coach an der Militäréquipe hat an deen dono Coach vum groussen Anderlecht gouf, an do als eng vun den éischte Veräinséquipen an Europa och déi beriimte Linieverteidigung gespillt huet… Lëtzebuerg hat deemno noeneen un der Spëtz vun der Nationaléquipe zwéin Techniker, déi allebéid Fervente vun enger ganz offensiver Verteidigung waren…
 
Erlaabt just nach e Schlusswuert :
Et sinn, wéi Der déi lescht hallef Stonn héiere konnt, vill schéi Momenter, déi mer a ronn 50 Joer mat der Football-Nationaléquipe erlieft hunn. Mir mengen awer, fir net ze soen, mir wieren iwwerzeegt, datt dat Schéinst eréischt an den nächste Jore kënnt.

Besonnesch
wann de Guy Hellers, vun deem mer am Dezember 2004 am Télécran geschriwwen haten, wéi en (als Chef vun der Footballschoul) och nach Nationaltrainer gouf, « dat wier dat Bescht, wat eisem Football passéiere konnt »…besonnesch also, wann hien net ëmmer nees Steng an de Wee geluecht kritt…
-  wann d'Footballschoul erëm deen Ëmfank kriit, deen se vrun e puer Joer hat…
-  wa vun deene ville Jonken (14 am ganzen), déi aus dem Monnerecher Centre de Formation eraus an auslännesche Footballschoulen ënner Daach kom sinn, och    
nëmmen e puer et fäerdeg  bréngen, eng Proficarrière anzeschloen…
-  wann eis Nationaléquipe nees vun engem Modell Lëtzebuerg profitéiere kënnt, wéi et an de 90-er Joren de Fall war…
wann an eisem Championnat duerch eng Konzentratioun vun der Elite eis Nationalspiller méi gefuerdert géifen, wéi elo…

Dat ass dat schlechst, wat mer eisem Football a senge representativste Spiller wënsche géifen.
 
Merci fir Eer Opmierksamkeet. 
 
Pilo Fonck