Muller verléisst de Racing
Grettnich iwerhëllt
|
Manuel Cardoni |
radio.rtl.lu 23.2.2018 |
Manuel Cardoni : haaptberufflechen Trainer bei der FLF |
Den nächsten Donneschdeg fänkt de fréiere Futtball-Profi Manuel Cardoni un, haaptberufflech bei der Lëtzebuerger Futtballfederatioun ze schaffen. Bis elo huet de Manuel Cardoni d'U19 an d'U21 nieweberufflech trainéiert. Déi zwou Equipe behält hien och elo nach. Do dernieft kommen awer nach aner Aufgaben op hien duer. Ënnert anerem fir déi jonk Lëtzebuerger Spiller, déi am Ausland sinn, besser ze encadréieren, virun allem wann se de Sprong an de Profisberäich net packen. Déi jonk Spiller, déi an der Futtballschoul sinn, spillen och nach an hire Veräiner hei zu Lëtzebuerg. Fir awer am Niveau erop ze kommen, musse se dem Manuel Cardoni no och regelméisseg géint auslännesch Ekippe spillen. De Manuel Cardoni gouf am Sport-Club och op méiglech Collaboratiounen tëscht der Futtballschoul zu Monnerech an auslännesche Veräiner ugeschwat. Hei huet hien eng ganz kloer Meenung. De Manuel Cardoni ass dovunner net iwwerzeegt. Fir hie mussen d'Spiller sech um Terrain esou weisen, datt se fir anerer Veräiner interessant ginn. |
|