![]() |
dës Säit as gesponsert
|
![]() |
![]() |
ADY SCHMITam Gespréich mam Pilo Fonckde 15. Februar 2006"Eusebio a Co d'Show gestuel…"
aus dem Buch vum |
|
Den Numm EUSEBIO ass wuel och haut nach e sëlleche Football-Intresséierten e Begrëff : de fréiere Welt-Star vu Benfica Lissabon (deen 1965 europäesche Ballon d'Or an 1966 de beschte Goalguetter bei de Welt-meeschterschaften an England war) hat schonn 1962, zesumme mat senge Kollege Costa Pereira, Aguas, Coluna, Cavem a Konsorten d'Coupe d'Europe vun de Champions Equipë gewonnen (5-3 op Käschte vum Real Madrid) an domat den Erfolleg confirméiert, dee Benfica dat Joer virdru schonn, 1961 an der renomméierster europäescher Veräinskompetitioun gefeiert hat (3-2 géint den FC Barcelona). Zwëschen deenen zwéin triumphale Matcher waren déi ernimmt fënnef illuster Spiller - vum beschte kontinentale Club also vun deeër Zäit - mat hirer Nationaléquipe zu Lëtzebuerg op Besuch. D'Explikatioun Lëtzebuerg-Portugal, de 7.Oktober 1961 an den Eliminatoirë vun der Weltmeeschterschaft 1962 sollt « natierlech » nëmmen eng Formsaach sinn : Géint déi 'kleng Lëtzebuerger Amateuren', déi an hirem éischte WM-Spill géint England 0-9 ënnergaangen an déi och am Aller-Match a Portugal mat 6-0 béis ënner d'Rieder komm waren, géifen Eusebio, Aguas, Coluna, Cavem nees eng Show pzéien ! Sou hu jiddefalls déi allermeescht gemengt. Dat war allerdéngs d'Rechnung ouni de Wiert gemaach ! Spillverdierwer war tatsächlech - ween hätt et deemools fir méiglech gehalen ? - eis Nationaléquipe ! Mat Pol Steffen am Goal ; Erny Brenner, Fernand Brosius, Bitzi Konter a Jeannot Hoffmann hannen dran ; Jules Zambon, Heini Cirelli an Neggy Schneider am Mëttelfeld ; Jang Vandivinit, Nicky Hoffmann an Ady Schmit am Stuerm, huet deem iwweraus modernen FLF-Trainer vun deeër Zäit, dem onvergiessene Robert Heinz, seng Trupp, déi zéng Deeg virdru schonn d'Englänner am Retourmatch zu London (4-1) mat enger neier Raum-verdeedegung iwwerrascht hat, de portugiseschen Individualisten mat deem neie kollektive Verdeedegungssystem däermoosse Problemer opginn, datt déi ni amstand waren, se ze léisen. An d'Enn vum Spillchen : Mat engem sensationelle 4-2 Erfolleg huet d'Lëtzebuerger Nationaléquipe deen Dag net nëmme ganz Portugal geschockt, mee war och a ganz Football-Europa Gespréichsthema No 1. Datt de Grand-Duché komplett aus dem Heische war, versteet sech vum selwen, mee nach bal méi begeeschtert iwwer deen ausseruerdentlechen Donnerschlag zu Lëtzebuerg waren d'Englänner : duerch d'Nidderlag vu Portugal war nämlech England fir d'Schlussphase vun der WM a Chile qualifizéiert. Den Dag drop goufen et an der britescher Press Titelen wéi « World Cup shock in Luxemburg », « Portugal go down », « The Miracle happened » an deeër Iwwerschrëfte méi !
![]() Den 'Held' vun deeër onvergiessener Soirée war e jonke Kärel, just 21 Joer al, den Ady SCHMIT, deen d'Konschtstéck fäerdeg bruecht hat, dem portugisesche Goalkeeper Costa Pereira net manner wéi dräi Eeër an d'Nascht ze leeën ! (De 4. Lëtzebuerger Goal hat den Nicky Hoffmann markéiert). De klengen ( 1.71 Meter), mee robusten (68 Kilo), terribel viven a schossstaarke Stiermer vun der FOLA hat dem groussen Eusebio d'Show gestuel ! Deen hat zwar senger (nach jonker) Renommée Eier ageluecht, wéi en an de leschten zéng Minutten mat engem säftege Schoss an d'Kräiz en 'onhaltbare' Goal markéiert hat, mee dat war nëmme Kosmetik : laang virdrun hat den Ady SCHMIT déi 7000 Leit um Stadion an Trânse versat : 't war nach keng Stonn gespillt, dunn hat den 'Ady Boum, Boum, Boum' dem Costa Pereira dräi « Dénger » verpasst ! 22.Minutt : den Heini Cirelli (de feinen Techniker vun der Alliance Diddeleng) hat zwéi Mann versat a säi jonke FOLAs Kolleg mondgerecht am Strofraum servéiert : deem seng Granat huet just ënnert der Lat am Netz ageschloen (1-0).
53.Minutt : zwéi portugisesch Verteidiger loosse sech vun engem wäiten Degagement iwwerraschen ; den Ady iwwerleeft se, lackelt de Costa aus dem Goal a schäert kaalbliddeg eran (2-0). 56.Minutt : de Jang Vandivinit (vun der US Diddeleng) interzeptéiert en Ofschlag vun de Portugisen, schéckt den Ady op d'Reess an dee schéisst flaach an de laangen Eck (3-0) ! Iwwer säin Exploit vun deemools, deen him de Wee fir eng bemierkenswäert Proficarrière opgemaach huet, hu mer eis 45 Joer dono mam Ady SCHMIT ënnerhalen. |
||
Fro. Obscho mer als Journalist an engem halwe Jorhonnert allerhand memorabel Leeschtungen erlieft hunn, erënnere mer eis nach gutt un dee Match an un Däin Triplé, deen eenzegen iwwregens an der Geschicht vun eiser Nationaléquipe ; fir Dech wäerten dat Spill an déi dräi Goaler wuel déi liewegst vun all Dengen Erënnerunge bliwwe sinn ? |
||
Fro. Ëmsou méi déi dräi Goaler Der d'Dier fir eng Proficarrière opgestouss hunn. |
||
Fro. A wéi bass Du dann op Sochaux komm ? |
||
![]() Ady a Lisa 2008 |
Fro. Haten Deng Famill, Deng Elteren, Deng Gesëschter Versteesdemes derfir, wéi s Du Dech entscheet hues, op Sochaux ze goen ? Ä. Mengem Papp waren de Sport an de Football eigentlech ëmmer egal ; wéi ech als klenge Bouf an der FOLA ugefaangen hunn, sot e schonn ëmmer : « wann Der Sport wëllt maachen, da maacht es, mee maacht e richteg oder maacht iwwerhaapt keen ». Dat war seng Devise. Hien huet ëmmer nëmmen eppes kannt : schaffen ! Hie war Gäertner an herno huet en op der Schmelz geschafft ; hien hat genuch mat sech ze dinn, fir seng Famill, seng Fra a fënnef Kanner (véier Bridder an eng Schwëster) z'ernieren. Fro. D'Eltere waren also guer net sportlech ? Ä. Meng Mamm, dach ! Hir Bridder ware jo gutt Footballer ; d'Schumacher, den Ern, de Léi an de Jeng (z.D. och Nationalspiller ; beim The National Schëffleng a bei der FOLA an den 20-er Joren lizenzéiert - N.v.d.R.). Fro. Direkt wéi s Du am Alter wars, fir eng Lizenz ze kréien, mat 13 Joer, bass Du dann an och an d'FOLA gaangen, an deeër Däi Monni scho gespillt hat. Dat selwecht Joer koum jo och de Louis Pilot op den Escher Gaalgebierg ! Ä. Ech hunn de Lou allerdéngs eréischt an der Fola kenne geléiert ; virdru ware mer eis ni begéint ! |
|
Fro. Mee vun do un ass Eer Carrière an der Fola paralell verlaf. Schonn als Junior hu Der an der éischter Equipe gespillt, an der Saison 1958/59, am Alter vu just 18 Joer ! |
||
F. Enn 1959 scho bass Du jo och zesumme mam Lou vum deemolegen Nationaltrainer Pierre Sinibaldi fir d'Nationaléquipe selektionnéiert ginn ! An am Hierscht 1960 koum dunn den Heinz an dunn ass jo och d'WM-Campagne ugaange mat de Matcher géint England a Portugal, an all déi aner dono, Holland, Dänemark. |
||
![]() |
||
L'équipe de Sochaux | ||
F. Dovunner musse mer nach schwätzen, mee elo emol zréck bei Däin Transfert op Sochaux ! Dës Kéier hues Du net méi gezéckt, Du hues Deng (sécher)Aarbecht opginn fir eng Proficarrière, vun deeër s De net wousst, wéi et géng ausgoen ? |
||
F. Mee Du has finanziell e gudde Kontrakt a sportlech bass Du direkt gutt ukomm ! |
||
![]() |
||
F. Am Championnat mat der Profi-Equipe hues Du also an der Saison 1962/63 ugefaangen ? |
||
F. Du wars jo och eigentlech keen typeschen Zenterstiermer, keen 'Tank' ? Du wars éischter kleng, mee explosiv ! |
||
F. An dach hues Du vill Goaler geschoss : an der Saison 63/64 wars Du esouguer de 5.beschte Buteur vum Championnat. |
||
![]() |
||
Bonjour Monsieur le Président Finale Coupe de France 21. mai 1967 | ||
F. An Du hues ni dru geduecht an en aneren, méi grousse Veräin ze wiesselen ? |
||
F. Dir hat jo och zu Sochaux keng schlecht Equipe mat Leit wéi Bosquier, Kristic, Quittet, an Dir waart jo och 1967 an der Finale vun der Coupe de France. |
||
F. Zréck bei d'Nationaléquipe ! Et gouf net nëmme Portugal, Holland oderDänemark…Du wars och ee vun deene (rare) Spiller, déi sech felicitéiere konnten, dem grousse russesche Goalkeeper Lev Yashin - ee vun deene beschte wuel, déi et jeemools op der Welt gouf - e Goal geschoss ze hunn !…1962, an engem Frëndschaftsmatch géint Sowjetrussland um Stadion an der Stad, dee mer 1-3 verluer haten. Am FLF-Erënnerungsbuch bei Geleeënheet vum 75. Anniversaire steet zwar, de Cos (Constant) Winandy hätt markéiert, mee a Wierklechkeet wars Du et ? |
||
F. Vun Denge Goaler geschwat…'t ass en aneren, dee mer ni vergiess hunn ; deen am Retourmatch géint Dänemark an deeër beriimter Coupe d'Europe des Nations 1964 : 1-1 an 2-1 géint Holland ; 3-3, 2-2 an 0-1 géint Dänemark. Zu Kopengahen also, an engem gellechen Hexekessel, hues Du kuerz vru Schluss, den 2-2 geschoss, e formidable Goal. |
||
F. 't ass eppes anescht, wat eis impressionnéiert huet, wéi mer elo nees duerch déi al Dokumenter gebliedert hunn : Du wars an deeër phantastescher Campagne eréischt 23 Joer al, an trotzdem hat den Här Heinz Dech als Kapitän beim zweete Match an Holland a beim Testmatch géint Dänemark designéiert. War dat deemools dem Trainer seng Manéier, all puer Matcher de Kapitän ze wiesselen, an datt hien Dech trotz Dengem jonken Alter bestëmmt huet, war dat en Ausdrock vu senger Unerkennung fir Däin Äifer an der Nationaléquipe…deen éischte Match géint Holland z.B. has Du jo formidabel gespillt ! |
||
![]() |
||
Déi legendäer Equipe, déi sech am Okober 1963 mat 2:1 géint Holland qualifizéiert huet | ||
F. Oh neen, mir erënneren eis un een, deem de kamëssen Trainer, no enger ze laanger 'sortie', den Dag drop gesot hat ; « Herr (Icks), Sie haben gestern zwei Spiele miteinander gemacht, das erste und das letzte. » |
||
F. Wéini hues Du Däi leschte Match an der Nationaléquipe gespillt ? |
||
F. Zu Sochaux bass Du och 1970 fortgaangen ? |
||
![]() |
F. An du bass Du op Lëtzebuerg zréck komm, als Spiller/Trainer bei der Spora an zu Péiteng, an um Enn bei der Fola. Do has Du awer net vill Satisfaktioun ? |
|
Pilo Fonck
|
||
![]() |
Ady SchmitSochauxCe que la presse française écrit sur Ady Schmit en 1964 |
Il accomplit sa troisième saison à Sochaux, et, bien que sa jeune femme - luxembourgeoise - ait un peu le mal du pays, ce n'est sans doute pas la dernière. Ady Schmit semble bâti à chaux et à sable, comme la plupart des Luxembourgeois ou ces gens des Marchés de l'Est. Il est un peu moins costaud que Kemp, l'ancien Messin, mais il parait être sorti du même moule: il n'est jamais blessé. Equipier parfait, on le déplace de l'aile gauche à l'inter droit ou à l'avant centre, jamais il ne rechigne. Il est vrai qu'il ne joue jamais comme un véritable ailier gauche. On l'utilise plutôt comme troisième demi. Il a besoin de champ. Mais que l'on ne s'y trompe pas, il est rapide au démarrage et pourrait devenir aussi bien un ailier de débordement. 1 m 72, 74 kg, voilà qui prouve à la simple lecture de ces mensurations et poids qu'Ady Schmit est un solide attaquant bâti comme un roc, il profite d'ailleurs souvent de cet avantage pour marteler les adversaires de toute sa puissance. Equipier parfait, le Luxembourgeois est déplacé souvent de l'aile gauche à l'inter droit ou bien au centre de l'attaque. Si bien qu'on ne peut dire en aucun cas de lui que c'est bien l'ailier tel qu'on le conçoit. Son véritable poste. semble bien être justement celui d'homme du milieu du terrain où il rendrait d'énormes services aux couleurs de Sochaux. A vrai dire, il est souvent utilisé comme troisième demi. Il n'est-donc ailier que par le numéro II qu'il porte sur son maillot. Roger Hug, son entraîneur, le sait bien lui aussi mais il est poussé à confier plus ou moins ce poste au Luxembourgeois : la pénurie est complète en ce qui concerne les ailiers dans l'équipe sochalienne.
|