Wann de fréiere Kapitän vum CSG seet, sportlech anerer Meenung, dat kann jo dann souwuel mam
Trainer, wéi och mat deenen Responsabelen vum Club sinn. Dat sinn awer Saachen, déi am Veräin
intern solle bleiwen. Et ass just opgefall, datt hien déi lescht Wochen op der Tribün souz an net um
Terrain stoung an dat ouni Erklärung. Wou een dunn driwwer geschwat huet, koum eraus, datt een
zwou verschidden Iddien hat, wéi et am sportleche Beräich soll weider goen.
D'Fakte sinn, datt déi Maacher no 13 Spilldeeg an der BGL-Ligue nach net ee Match gewonnen hunn,
an och aus der Coupe eraus sinn.
Et hat een an der Allersronn scho gespuert, datt et Tensioune géifen tëscht dem Tim Heinz an deene
Responsabele vum Club ginn, well de Kapitän wuel gemierkt huet, datt et d'Musel of geet. Wann een
esou laang do spillt an just 20 Meter nieft dem Stade op Flohr wunnt, war et sécherlech keng liicht
Decisioun, wann net esou guer déi schwieregst, déi de Spiller je a senger sportlecher Carrière getraff
huet. Et huet him och Leet fir d'Jonge gedoen, déi hie ganz ongär am Stach léisst.
Wéi et elo weider geet, weess den Tim Heinz nach net genee. 3 Veräiner waren am Gespréich mat der
Etzella, Rouspert, an dem Racing. De geleierte Schoulmeeschter ka sech awer och virstellen, elo mat
der Trainerausbildung unzefänken, an dann an déi Direktioun ze goen.