Muller verléisst de Racing
Grettnich iwerhëllt
Centre de Formation de Football
Neien iwerdachten Trainingsterrain
Neuer Vorstand bei der FLF
Léo Hilger, neu im Vorstand
Jans meilleur défenseur de D1 belge
L'exploit du jeune pro luxembourgeois
Platini zieht Kandidatur zurück!
Keine Chance mehr zu gewinnen.

 

Notre site:
www.profootball.lu
Notre email:

Notre compte:
ING
lu06 0141 9374
4040 0000







 

Dernier changement:
1er février 2016
email:

Notice légale: Profootball © 


--- Pro Football feiert 2016 sein 10-jähriges Bestehen. ---

 

 
scanjet mettewen0001 130x165web
 

Mett Even

 
 
Deeër wéi de Mett bräichte mer haut méi !... 
 
   
 

              « Ob ech net wéilt eng Erënnerung un den Eivens Mett  schreiwen, deem senger de Swift mat engem Frëndschaftsturnéier gedenke géif ? » goufe mer ufanks des Joers vum Jos Kirchens, dem 'Mann fir alles' vum Hesper Football, gefrot…

             Wa mer fir en anere vläicht gutt Grënn fonnt hätten, fir ofzewénken, de Wonsch, eng Eierung fir de Mett Even op Pabeier ze bréngen - deem säin Numm iwwregens mat engem v geschriwwe gëtt, an net mat engem w, wéi et jorelaang an der Press gemaach gouf -  konnten a wollte mer net ofschloen. Net nëmmen, well mer (als al Unionsspiller allebéid) zënter de 60-er Jore mam Mett gutt Copain waren, mee absëns, well hien deeër Charakterkäpp ee war, wéi mir se ëmmer gären haten (an nach hunn) : e Kärel, dee sech net beim klengste Wand gedréit huet, wéi den Hunn um Kierchtuerm, deen net bei all Geleeënheet, aus purem Opportunissem, säi Paltong ëmgedréit huet, deen ëmmer zu senger Meenung stong, och wann se net gefall huet.

             Kuerz, de Mett war, fir dësen oder deen, sécher en onkamouten, véiereckege Patréiner, well e riicht eraus war a kee Blat vrun de Mond geholl huet. Hie stong awer ëmmer geruet a konsequenterweis hat dee 'ganze Kärel' dann och net vill fir sougenannt 'Waschlappen' iwwreg…

            Deem stackéierleche Mënsch, deen den Eivens Mett ëmmer war, ass och dat op d'Strëmp gaangen, wat d'Fransouse vun haut, ënner sarkozyaneschem Afloss, « Bling, bling » nenne géifen. Zwësche « Schein und Sein » wousst hien kloer z'ënnerscheeden. Dofir gouf et e gudde Grond : de Mett huet, wéi kaum en aneren, de Wäert vun der Aarbecht kannt. Als jonke Bouf scho koum de geléierten Autosmécanicien an d'Transportentreprise vu sengem Papp, wou e sech net nëmmen ëm den Entretien vun den décke Camione bekëmmert huet. Knapps datt e mat 18 Joer säi Führerschäin hat, huet en sech och selwer hannert d'Steier gesat a war, Dag fir Dag, stonnelaang op den europäesche Stroosse mat engem vun deene schwéiere Gefierer ënnerwee. Dorunner huet sech näischt geännert - am Géigendeel -  och wéi en de Familgebetrib iwwerholl huet.

            Déi exemplaresch - fir hien selbstverständlech -  Beruffsopfaassung, huet hien ëmmer an iwwerall do, wou en aktiv war, begleet. Vun deemselwechten Äifer an Asaz, mat deem de Mett säi ganzt Liewe laang haart geschafft huet, waren och säi groussen Hobby - d'Keelespillen - a seng gelleg Passioun - de Football - markéiert.

            Säi Keelenowend war him helleg. Jorzéngte laang huet en, jidder Zäit a Gesellschaft vu sengem beschte Kolleg, dem Jos Hoffmann - Unionsmann par excellence - kaum ee verpasst. Natierlech net…well « Les 13 du vendredi » (wéi sech hiren éischte Club an der Brasserie Albert bei der Eisebunnsbréck genannt huet) de Lëtzebuerger Championnat matgespillt hunn. An do wollt ee jo säi Mann stellen. Déi besiesse Keelereiber aus der Bouneweeger Strooss hunn dono fir d'éischt zu Izeg am Café des Sports alle néng ëmgeluecht, dunn zu Beggen an der Wiichtelstuff kee Bauer stoe gelooss, an um Enn um Fieldgen an der Taverne d'Anvers ofgeraumt : bis zu lescht war de Spaass um Spill...grad sou grouss wéi den Eiergäiz ze gewannen !

            Dee vermessene Wëllen, ëmmer ze gewannen, huet - natierlech - och dem Mett Even seng laang an erfollegräich Footballcarrière charakteriséiert. Och wann en Nidderlage verdroen huet an ewech stieche konnt, en huet awer net gäre verluer ! Dann huet e gegrommelt an och alt emol gegranzt : sou exigent wéi e mat sech selwer war, konnt en och mat sengem Ëmfeld sinn, an da…sinn alt emol Spéin geflunn. Mee dann ass sech séier nees an d'Hänn gespaut an zesummegerappt ginn.           
               

 
            De Mett, en zolitte Bugger, war als Spiller kee Lappegen. Seng Géigner haten en hellege Respekt vrun him. All déi, mat deenen hien, fir d'éischt als lénken Haf - haut géif ee vun enger Plaz am defensive Mëttelfeld schwätzen - an dono an der hënneschter Ax, ze dinn hat, wëssen e Liddchen dovunner ze päifen.

 
 scanjet mettewen0005 union champ 400x293web  « Football ass kee Fraesport » war ëmmer seng Devise ! Hien huet ni e Fouss ewech gezunn (awer ni absichtlech falsch gespillt), ass kengem Duell aus de Féiss gaangen, a war ëmmer, obschonn en eigentlech éischter defensiv Missiounen hat, no vir orientéiert. Dat war eben säin Temperament. E war ëmmer vun der Ambitioun gedriwwen, et nach besser ze maachen, sech ze behaapten, ze gewannen…     
          
Déi gesond Eegenschaften explizéieren och, datt de Mett schonn am Alter vun 19 Joer aus der Millebaach, wou hien seng éischt Lizenz hat, den Transfert bei d'Union op de Verluerekascht gemaach huet, wou e geschloe 15 Joer bleiwe sollt…mat Ausnam vun enger Saison : wéi nom Championnat 1965/66 décken Damp an der Kiche vum Stade Achille Hammerel war an dofir gläich eng hallef Dosen Eischt-Equipe-Spiller hirer Wee gongen - mee geschwënn erëm koumen - huet de Mett et an der Spora probéiert, war déi Saison drop awer schonn nees zréck. 't ass wouer, hien huet zesumme mat Leit wéi Nico Schmitt, Jemp Mertl, Romain Kies, Neggy Schneider, Cos Winandy, Gast Bauer, Guy Bernardin, Johny Leonard, a wéi s'alleguer geheescht hunn, an der Union mat déi schéinste Säite vum Veräin a vu senger Carrière geschriwwen.

            Net manner wéi véier Mol (1963, 1964, 1969 an 1970) huet de Mett Even mat der Union d'Coupe de Luxembourg gewonnen, an déi véier grouss Erfollegs-erliewnesser - wou aner renomméiert Spiller eng ganz Carrière laang vergiefs engem Triumph an der Coupe nogelaf sinn -  waren encadréiert vun zwéi memorable Championstitelen : 1962 an 1971. Memorabel aus ganz spezielle Grënn, ganz ofgesinn dervunn, datt de Gewënn vum Championnat ëmmer eppes Ausseruerdentleches ass. Den Titel, deen d'Union 1962 am Championnat ënnert der Direktioun vum ganz apaarte 'Mister Georges' (Berry) als Trainer gewonnen huet, war deen éischten zënter…1927, wéi de Veräin nach US Hollerech/Bouneweeg housch ! An den Titel vun 1971, ënnert der Féierung vum däitsche Spiller/Trainer Lothar Kleim, war an deem Sënn aussergewéinlech,well d'Equipe an den 22 Matcher vun deeër Meeschterschaft ongeschloe bliwwe war ! Grousse Verdéngscht un deem gellechen Exploit hat (nieft dem Nico Braun, mat 25 Goaler beschte Buteur vun der Saison, dem Pletschettes Rol an der Këscht, dem Bernardins Guy als Strateg am Mëttelfeld a.s.v.) ganz besonnesch de souveränen Duo Mett Even/Neggy Schneider - vun deem nach eemol Rieds goe wäert - an der Zentralverteidigung.            

 
 
scanjet mettewen0002 union coupe 400x232web
 
 Union vainqueur de la Coupe de Luxembourg

 
           An engem Saz wéi an honnert : dem Mett seng Carrière an der Union war eng iwweraus reusséiert. An et versteet sech vum selwen, datt hien och seng Plaz am Nationalkader hat. Obschonn et fir hien ganz besonnesch schwéier war, seng berufflech Chargen mat der Passioun fir de Football ze verbannen, absëns wou hie keen Trainings-a Kompetitiounstermin mat sengem Veräin verpasse wollt, huet hien et op eng 15 Selektiounen mat der Nationaléquipe bruecht. Fënnef Joer laang, vu 1964 bis 68, war hien op de rout/wäiss/bloen Tricot abonnéiert. 't huet iwwregens net vill gefeelt, da wier de Mett och an deeër formidabler Campagne 1963 an der Coupe d'Europe des Nations géint Holland an Dänemark derbei gewiescht. Wann hien déi esou just verpasst huet, dann nëmmen well mat Leit wéi Louis Pilot, Ady Schmit, Schnuck May, Jemp Fiedler a Co d'Konkurrenz am Mëttelfeld ganz grouss war.  
   
  Den Nationaltrainer vun deeër Zäit, den onvergiessene Robert Heinz, war nämlech scho fréi op dee soberen, mee ganz aktiven an zouverléissege Charakterspiller opmierksam ginn (dee virdrun, als Junior, ni fir eng Selektioun geruff gi war). Am März 1961 - e war just 20 Joer al - war de Neo-Unionist dofir richteg houfreg, fir de Match Holland Amateuren-Lëtzebuerg B zu Rotterdam selektionnéiert ze ginn (deen eis Equipe iwwregens 2-1 gewanne sollt). An am Abrëll 1962 war de Mett Even an deem Grupp vun 28 Spiller, déi fir d'Matcher géint Russland A a B convoquéiert goufen. (Grad wéi Nico Schmitt, Jang Klein, John Leonard an Neggy Schneider war de Mett an eiser B-Selektioun , déi 0-7 iwwerrannt gouf, éier eis A-Equipe sech géint d'Kollege vum Weltklassegoalkeeper Lev Yaschin mat 1-3 ganz éierbar aus der Patsch zéie konnten).
 
   
 Den Eivens Mett hat also d'Eier an de Pleséier Matcher vun de WM-Campagnen 1966 (Lëtzebuerg-Norwegen 0-2) an 1970 (Holland-Lëtzebuerg 2-0) ze spillen an eng absolut reservéiert Plaz hat hien an den EM-Ausscheedungen 1968 fir d'Matcher géint Frankräich, d'Belsch a Polen. Beim 0-0 Gläichspill z.B. de 16. Abrëll 1967 um Stadion géint d'Polen huet de Mett mat dem Fernand Jeitz an eiser zentraler Verteidigung gespillt. Dee Match, un deen e sech awer wuel am léifsten erënnert huet, an deen e senger Zäit am léifste frësch gespillt hätt, war d'Frëndschaftsspill den 17.Januar 1967 zu Oochen am Tivoli géint déi grouss Equipe vun Däitschland mat Sepp Maier, Franz Beckenbauer, Berty Vogts, Jürgen Overath, Uwe Seeler, Jupp Heynckes a.s.v. Eis Equipe mat Théid Stendebach am Goal ; Erwin Kuffer, Fernand Jeitz, Bizzi Konter a Jim Hoffstetter hannen ; Nicky Hoffmann, Mett Even a Louis Pilot am Mëttelfeld ; Jang Klein, John Leonard an Edy Dublin am Stuerm huet deen Owend sou gutt gespillt, datt hir illuster Géigner (déi absolut net mat eiser Linneverteidigung eens goufen) eng Véierel Stonn vru Schluss frou konnte sinn, 1-0 vir ze sinn, wou en 1-1 dem Spillverlaf vill éischter entsprach gehat hätt. Eréischt en ongléckleche Selbstgoal vum Bizzi Konter an de leschte Minutten hat dem däitschen Zidderen en Enn gemaach.     
 
scanjet mettewen0003 eqnat espagne 400x248web
 
 Lëtzebuerg - Polen 0-0 16.4.1967
Mett Ewen 5. vu riets
 
  Well de Signataire vun dësem Hommage direkt nom Match de Mett (deen den Dag drop fréi mueres huet misse mam Camion erausfueren) a sengem Won mat heem bruecht hat, wësse mer ganz gutt, wéi et him no deeër Partie zu Mutt war : en ass de ganze Wee net fäerdeg ginn, ze bedaueren, datt eng eenzegaarteg Geleeënheet verpasst gi war, déi däitsch Stare gehéiereg ze blaméieren…

            Fir z'ënnersträichen, wéi gären de Mett Even Football gespillt huet, wéi Footballbesiess e war, siefen um Enn nach dräi Saachen ernimmt : Nom Ofschloss vu senger Carrière an der Union, huet en net gezéckt, am Alter vu knapp 35 Joer,  an der Saison 1975/76, zesummen mat deene gutt bekannte Jos Kirchens, René Schneider, Guy Dabée a Co, dem Swift Hesper ze hëllefen, an d'Eirepromotioun erop ze klammen an esou d'Basis ze leeën, fir de Wee, deen de Veräin zënter hier ageschloen huet.

            Datt hien sech dono an deeër ganz aktiver Hesper Härenequipe erëmfonnt huet, war eng Selbstverständlechkeet, an et ass wuel net iwwerdriwwen ze behaapten, datt de Mett ee vun deene 'vermessenste' war : en hätt sech ni aus Middegkeet auswiessele gelooss…
           

 
 
scanjet mettewen0007 eqnat espagne400x187web
 
            A wa sech déi al Hesper, ugefaange bei Jos Kirchens, Carlo Bamberg, a Guy Feidt, an de Wanterméint am Sall vun der Houwalder Schoul  fir e klenge Match erëmfonnt hunn, dann hat jiddereen an der Hal säi Spaass drun, mat z'erliewen, wéi de Mett nach dru gaangen ass. Héchstens säi fréieren Unionskolleg aus de 60-er Joren, de Schneidesch Neggy, konnt him dann nach de Bass halen…

            Zu senge Liefzäiten hätt een net esou e Lueflidd op de Mett sangen dierfen. « Gëff Dech, maach keen Zauber » hätt hien da gebaupst…Mir sinn awer der Meenung, datt hien d'Erënnerung, fir déi den Hesper Football gesuergt huet, méi wéi verdéngt huet !

 

pilo fonck 
 
Juli 2009 / Challenge Mathias Ewen / Swift Hesper