anne-brasseur-527-300972312 180x180

 

Europarot

131 Stëmme fir d’Resolutioun

vum Anne Brasseur

 

 

 

 

RTL.lu - Sport 25.01.2018

Rapportrice ass d'DP Deputéiert Anne Brasseur.

An dësem Rapport hannerfreet si ënnert anerem de Féierungs-stil vun der Fifa.
Rieds geet ënnert anerem vun Dopping, illegale Wetten, Korruptioun, dubiéis
Geldgeschäfter a bedenklech Relatiounen tëscht dem Fussball an den héije
Sphäre vun der Politik. Deenen zwee Footballverbänn gëtt reprochéiert dës
Mëssstänn ze verstoppen, ze ignoréieren oder ze verharmlosen. Donieft hanner-
freet de Rapport d'Ëmstänn, ënnert deenen d'Fussballweltmeeschterschaften
2018 an 2022, u Russland an un de Katar vergi goufen.

Am Rapport vun der Assemblée parlamentaire vum Europarot gëtt d'Schafe vun
enger onofhängeger Kontroll-kommissioun proposéiert, déi an Zukunft d'Aktivitéite
vun der Fifa an der Uefa soll ënnert d'Lupp huelen. Hannergrond sinn ënnert anerem
d'Revelatiounen, deemno aus dem Katar grouss Zomme Sue bezuelt goufen, mat
deenen déi afrikanesch Footballverbänn sollen encouragéiert gi sinn, den Emirat ze
ënnerstëtzen.

Ze wéineg Geld schued dem Futtball, ze vill Geld mécht de Futtball futti, esou war
de Rapport iwwerschriwwen. De Vott war kloer: 131 Stëmme fir d'Resolutioun vum
Anne Brasseur, 5 dogéint an 10 Enthalungen.

Zesumme misst een elo kucken, wéi een eng besser Gouvernance garantéiere kann.
Och misst een onofhängegt internationaalt Organ geschaf ginn, déi d'Gouvernance
iwwerpréift. Hei géif een am Interêt vum Futtball schaffen an net dogéint, et géif ëm
méi Kredibilitéit fir eng vun de beléiftste Sportaarte goen.
 
Am Virfeld vun der Presentatioun vum Rapport e Mëttwoch, hat Fifa d'Anne Brasseur
bei den anere Membere vun deem Gremium probéiert ze diskreditéieren, an hat e
Brandbréif u jidder eenzele Parlamentarier geschéckt, an deem d'Anne Brasseur falsch
Aussoe reprochéiert krut.

D'lescht Woch sot d'DP-Politikerin am RTL-Interview, dass si dovun iwwerzeegt ass,
dass Amendementer zu hirem Text kommen. Ënnert anerem aus der Schwäiz, si hätt
awer genuch, fir dem eppes entgéint ze setzen. D'Politik misst hëllefen, datt de Football
sech net selwer futti mécht.