Muller verléisst de Racing
Grettnich iwerhëllt
Centre de Formation de Football
Neien iwerdachten Trainingsterrain
Neuer Vorstand bei der FLF
Léo Hilger gewählt
Jans meilleur défenseur de D1 belge
L'exploit du jeune pro luxembourgeois
Platini zieht Kandidatur zurück!
Keine Chance mehr zu gewinnen.

 

Notre site:
www.profootball.lu
Notre email:

Notre compte:
ING
lu06 0141 9374
4040 0000







 

Dernier changement:
1er février 2016
email:

Notice légale: Profootball © 


 

 

  

 

 


News & Events Les Internationaux

   

  

26. Januar 2016
RTLlu


Football : Hoffnungen an Enttäuschunge vun de Lëtzebuerger am Ausland

 

Den Nationaltrainer Luc Holtz
iwwer Aurélien Joachim, Chris Philipps, Dwayn Holter
a Lars Gerson. 

 
Ëmmer méi Lëtzebuerger Footballspiller versichen hiert Gléck am Ausland, fir als Profi Fouss
ze faassen. 9 Rout Léiwen hunn am Moment dee Status. Eng Rei vun hinnen hunn an de
leschten Méint awer eng schwéier Zäit duerchlieft.
De Franky Hippert mécht de Point mam Lëtzebuerger Nationaltrainer Luc Holtz.
                
                  Aurélien Joachim

Hie war net onbedéngt vum Gléck a senger Proficarrière verfollegt an och elo ass d'Situatioun
fir den Aurélien Joachim zu Burton an der drëtter Divisioun an England alles anescht wéi evident:
E war elo mol nees eng Kéier am Kader, ass awer net agewiesselt ginn. Esou eng Situatioun wier
natierlech net zefriddestellend a wann eng Méiglechkeet bestéing, duerch e Wiessel méi Spillpraxis
ze kréien, da géif den Aurélien Joachim déi och sécher an d'A faassen, esou den Nationaltrainer.
Chris Philipps

Déi zwee Lëtzebuerger, déi an Däitschland sinn respektiv waren, hunn och keng einfach Méint
hannert sech. Beim Chris Philipps kéint et an der drëtter Bundesliga awer elo no der Wanterpaus
e Liichtbléck ginn, dozou den FLF-Nationltrainer Luc Holtz: Den Trainerwiessel wier positiv opgeholl
ginn, well en déi lescht Matcher op der Bänk verbruecht hätt. A well deen aneren Trainer ëmmer u
enger Ufanksformatioun festgehalen hätt, wier et fir Spiller wéi de Chris Philipps elo eng nei Chance,
eng nei Motivatioun.
Den Dwayne Holter

Beim Dwayn Holter, deen bis d'Wanterpaus bei Aalen an der drëtter Liga war, geet et elo emol e
Schratt zeréck, aus dem Ausland zréck op Lëtzebuerg, och wann hien mam Champion Fola en
optimaalt Sprangbriet fonnt huet: "Leider huet den Dwayn sech zu Alen net duerchgesat krut",
bedauert de Luc Holtz, deen drun erënnert, datt et Problemer gouf, sech zu Aalen z'akklimatiséieren
an och sech esou ze behuelen, wéi dat soll sinn a puncto Disziplin. Eng zweet oder drëtt Chance
hätt den Dwayn leider net kritt.
De Lars Gerson

De Lars Gerson ass am Moment mat Sundsvall am Gaangen, déi nei Saison a Schweden ze
preparéieren, och wa gewosst ass, datt de Mëttelfeldspiller gär an engem Profichampionnat hei ronderëm Lëtzebuerg wéilt spillen.