D'FLF zielt den Ament nëmmen 220 Arbiteren fir dee ganze Spillbetrib vun de Minimen bis bei d'Senioren
Iwwerdeems d'Zuel vun de Spillerlizenze bei der gréisster Lëtzebuerger Sportfederatioun wiisst, stagnéiert parallel d'Zuel vun den Arbitteren.
D'FLF zielt den Ament 220 Arbitteren, bräicht der awer 100 méi fir den normale Spillbetrib de Weekend anstänneg ze couvréieren. Hei si virun allem och d'Veräiner vertrueden, déi de Statute vun der FLF no fir all Equipe, déi se umellen, och en Arbiter missten ofstellen. Dat ass awer wäit gefeelt.
19 Veräiner, déi an der Lëtzebuerger Footballfederatioun affiliéiert sinn, kenne guer keen Arbiter presentéieren, 21 Veräiner hu just een Onparteieschen an hire Reien. 220 Arbitteren fir dee ganzen Spillbetriib vun de Minimen erop bei d'Senioren.
Dofir organiséiert d’FLF dëse Weekend nei Arbittercoursen. Rendez-vous e Freiden um 18 Auer am INS. Weider Informatiounen ginn et um Site www.flf.lu.