Lars Gerson signe un contrat de trois ans à IFK Norrköping
Le Luxembourg aura un deuxième joueur pro de première division européenne
Pierre Sinibaldi
L'ancien entraîneur national du Luxembourg est décédé à 87 ans
Neggy Schneider
Il a toujours eu le goût du football
Michel Renquin
Le CS Pétange choisit un entraîneur pro.
Norber Konter
70 Jahre Treue zum CS Grevenmacher

 

Notre site:
www.profootball.lu
Notre email:

Notre compte:
ING
lu06 0141 9374
4040 0000







 

Dernier changement:
20 janvier 2012

Notice légale: Profootball © 


Pro Football considère comme sa mission importante la culture de la mémoire collective du football luxembourgeois, hélas fortement négligée par les milieux responsables.


 

   

Avis et commentaires
Réactions à l'émission test de .dok

 

 


A nos lecteurs

La société DOK SA (canal TV .dok), Pro Fooball asbl et les clubs associés à l'initiative dde diffuser plus de football luxembourgeois à la Télévision remercient tous ceux qui par leurs messages soutiennent cette initiative.

Ces témoignages spontanés montrent l'urgence d'avoir un nouveau produit TV pour le football luxembourgeois afin de le rendre plus attractif, plus populaire et mieux connu.

Encouraés par ces marques de soutien et de sympathie, les intiateurs sont fermement décidés à continuer leur initiative.

DOK SA, Pro Football asbl, les clubs associés
15 mai 2009 

   
   

TV Vermarktung Fortis Ligue

Reaktioun vum Präsident Patrick Schank vum Sporting Club Stengefort 
Léif Hären Dimmer, an Thill,
 

Mat zwee Hänn ënnerschreiwen ech äer Doleeancen.
Fir d'Richtegkeet vun äeren Iwwerleeungen z'ënnerstreichen brauchen een sech nëmmen
virzestellen géif Sonndëss Fussball gespillt ginn an et wéist keen aneren et ewéi d'Spiller
selwer an d'Arbiteren. A kenger Zeitung, op kengem  Radio- an Televisiounssender géing
ee Wuert oder ee Bild iwwert de Fussball verluer ginn.


Kee
Mënsch géif sech fir dëse Sport intresséieren a folglech géifen et och keng Zuschauer
Ronderëmm Terrainen ginn, a scho guer keng Sponsoren déi Loscht hätten hire Numm
iwwert dëss Sportart ze vermaarten.


De Fussball géif sech also lues a lues zu engem belanglose Fräizäitkick fir passionéiert
Ondurrener  an al Hären entwéckelen. Wat fir ee Verloscht um soziale Plang dëst géif
bedeiten brauch ee net weider ze kommentéieren.

Wann een dëst Raisonnement elo a senger Logik beibehält an ëmdréint, dann ass
et folglech grad esou richteg datt wat méi iwwert e Fussball an de Medien geschwat gëtt, wat
en d'Leit méi intresséiert an op d'Terrainen zitt.


Wann elo
dëss Medienpublicitéit och nach richteg professionnel a knalleg (cf. Sportschau
ARD, Diekirch-Ligue RTL, asw) eriwwerbruecht gëtt, an esou praktesch eng eegen
Dynamik a Spannung an dat Ganzt erabrengt, dann ass et nëmmen normal dat méi
Zuschauer a Sponsoren sech fir dësen, hire Sport, intresséieren, sech mat him
identifizéieren, an op d'Terrainen kommen.

Ech géif esou weit goen fir ze behaapten dat d'Zukunft vum lëtzebuerger Football am
allgemengen, a vun de Veräiner am  speziellen, ganz enk mat dëser fir si iwwerliewens-
wichteger Vermaartungsfro zesummnenhängt.

Ech op alle Fall fannen et wichteg dass Dir iwwert dëse Wee dëss Discussion erëmm op
de Leescht geholl hutt.

 
Patrick Schank
President / Sporting Club Steinfort
8.1.2009  
 
   
 


15. Mee 2009


Dir Hären,

Als Nachpresident vum UN Käerjéng wollt ech DOK an dem Profootball mol Merci soen fir die exzellent Initiativ, um Méindeg Biller vun eisem nationalen Championnat ze weisen.

Den UNK ass jiddenfalls gewellt, är Initiativ voll an ganz ze ennerstetzen.

Den Kommentar vun der Escher Grenz, mam Maurice Molitor an den Jim Gregorius huet mir perséinlech ganz gudd gefall, et huet een gewessen Life-Feeling iwert Telé bruecht, während Biller vun Ettelbreck en besschen méi Konserv woren. Interviewen nom Match woren allerdengs exzellent.

Optimal schengen mir 3 Mätcher am Bild plus Interviewen.

Resultater an Tabellen géifen mir besser gefaalen, wann se méi opgepeppelt wiren , z.B mat Logoen, den Torschützen, Europa-Cup Qualifizéierten, Oofsteiger an Barragist a.s.w

Eventuell kéint een an enger spéiderer Phase an Studio Gäscht invitéieren, Spiller, Traineren, Presidenten!

Ech sin vun der Iddi iwerzeegt an hoffen dass aus den Testemissiounen en richtegt , laangt Konzept entsteet

Chapeau

NIco ZENNER

   
 


Date:         Mar 12 mai 2009 8:53

À:           

--------------------------------------------------------

Gudden Moien,

Et ass flott, fir och eemol méi laang Ausschnëtter vun eisem Fussball ze gesin.

Als fréieren Jeunesse-Spiller hun ech mech speziell gefreet, wann gesoot get wievill Leit soss um Terrain woren.

Fuert weider esou. Vielleicht kënnt een och e besschen hannert Kulissen vun eisen Vereiner kucken.

Trainingen vun eisen klengen Spiller (Poussins, Scolaires......).

Dann natiirlech och déi grouss, wéi se trainéieren, wéi oft asw.

Ech wënschen Iech nach vill Erfolleg mat Ãerer Sendung déi bestëmmt gudd ukennt.

Nach e schéinen Daag.

Guy Allamano

Guy ALLAMANO
14, rue de Lorraine
L-4216 Esch-sur-Alzette
Téléphone & Fax: +352 54 09 46
Mobile: +352 621 232 626
Email:

   
 

------------------------ Message original -----------------

Objet:        reportage  football
De:           "Raymond Goy"
Date:         Lun 11 mai 2009 22:25
À:           

-----------------------------------------------------------

Messieurs ,

Votre reportage des 2 matches de foot était très  bien

Raymond  Goy

-----------------------------------------------------------

   
   ------------------------ Message original -----------------

Objet:        football

De:           "Fred Keup" <>

Date:         Lun 11 mai 2009 22:22

À:      

------------------------------------------------------------
Moien,

Dat war eng Supersendung dei dir do hat.

An sou amateurhaft wei dir sot war et guer net. Et waren super Interviewen an Hannergrondinformatiounen. An dat ganzt mat enger gudder Portioun Humor.

Maacht w.e.g. weider domat.

Fred Keup

   
 

------------------------ Message original -------------------

Objet:        BGL-Sendung
De:           " David Zenner" <>

Date:         Lun 11 mai 2009 22:15

À:            "" <info@dok.lu>

Moien,

All Respekt fir Äer Sendung! Daat as genau daat waat all

letzebuerger Fussball-Begeeschterten secherlech all Spilldaag

wäert kucken! 2 super Reportagen mat villen Interview-Partner!

Ech giff mir wenschen dass Ierch dei neideg Ennerstetzung

entgeint kennt an freen mech wei den ganzen UN Käerjéng97 op

vill weider Sendungen!

David Z.

   
 


Bonjour Här Dimmer.

Als Diddelenger kenne mir eis jo, an ech sin och en Arbechtskolleeg vum Gaby.

Mäi Papp , de Jacques Kirsch, kennt dir jo och aus der Gemeng......

Ma d'émissioun u sech war gudd, wat d'technik an de layout ugeet. Wi gesot, den Inhalt huet net grad dem Main-Event aus deser Woch entsprach. Schued och d'Format, 4:3 amplaz 16:9, oder weinstens letterbox.

De Maurice Molitor as souwisou gudd.

Ech hoffen, dat dat eppes di naechst saison goett, waert dann och kucken a mech mëllen

Ramon Kirsch

   
 


Dir Dammen an Hären vu profootball.lu an .dok

Ech wollt froen ob et eng Méiglechkeet get Är Émissioun foot.lu iwwer Internet ze kucken? Vue datt ech privat doheem (a mir och geschwënn bei eis zu Beggen um Terrain) just Satelliten-TV hun, empfänke mer den .dok leider net. Vun aanere Senderen fënnt ee jo och alt emol Émissiounen bei hinnen um Site online oder op youtube, youmake.tv o.Ä.

Merci fir Är Hëllef a bis geschwënn

Paul Krier, FC Avenir Beggen

PS: Obschon ech d'Sendung bis elo net gesin hun, hun ech bis vu Kollegen nëmme gudd Kritiken héieren.

FC Avenir Beggen +++ BP 25 +++ L-7201 Bereldange +++ Luxembourg +++ Tel.: (+352) 437 423 +++ Fax.: (+352) 420 414 +++ http://www.wichtelweb.net +++ E-Mail:

   
 


SUPER MAT DA FUSSBALLSENDUNG

WEIDER SOU

FANNEN ET GOUW ENDLECH ZEIT SOUEEPES ZE MAAN.

ALSO ECH FANNEN ET TIPTOP 

   
 


Bonjour,

Super, endlech eng Emissioun fir den letzbuerger Fussball, hoffentlech bleiwt et net nemmen bei enger Testemission!

Weider esou…

Flott waer och wann een mei Statistiken, Interviewen,… iwwer d'Matcher, d'Spiller, d'Trainern,… keinnt gesin oder liesen

Dir huet een gudden Unfank gemach….macht weider esou.

Mady

Vum / 23.03.2009