Muller verléisst de Racing
Grettnich iwerhëllt
Centre de Formation de Football
Neien iwerdachten Trainingsterrain
Neuer Vorstand bei der FLF
Léo Hilger gewählt
Jans meilleur défenseur de D1 belge
L'exploit du jeune pro luxembourgeois
Platini zieht Kandidatur zurück!
Keine Chance mehr zu gewinnen.

 

Notre site:
www.profootball.lu
Notre email:

Notre compte:
ING
lu06 0141 9374
4040 0000







 

Dernier changement:
1er février 2016
email:

Notice légale: Profootball © 


 

 

NEWS & EVENTS

FLF

 

 

 

logo-profootball ballon 140x100web  
RTL.lu
5. Januar 2018

Radio Sport-Club vum 5. Januar

 

Paul Philipp:

Nations League, eng Chance fir kleng Natiounen

 

E neit Joer an nei Erausfuerderungen, dat gëllt och fir de Lëtzebuerger Fussball

Invité am Radio Sport-Club war e Freideg de Paul Philipp. Mam President vun der Footballfederatioun
ass ënnert anerem iwwer déi nei Nations League geschwat ginn. Vun där erhofft sech de Paul Philipp
ganz vill.

D'Nations League ass fir kleng Natiounen eng riseg Chance, fir sech fir d'Europameeschterschaft 2020
ze qualifizéieren. Lëtzebuerg spillt am Grupp D. Dësen ass a 4 Dëppe mat allkéiers 4 Equippen opgedeelt.
Wie schlussendlech géint wie spillt, gëtt de 24. Januar zu Lausanne ausgeloust. Den Enjeu ass fir de Paul
Philipp awer kloer.

Den éischte vun där ganzer Grupp D, nodeems d'Qualifikatiounen, d'Halleffinall an d'Finall gespillt goufen,
qualifizéiert sech fir d'Europameeschterschaft. Et ass awer e laange Wee an et si vill Equippen, ënnert
deene 16, déi och vill Chancen hunn, wa net esouguer méi wéi Lëtzebuerg, fir sech ze qualifizéieren.
An der Nations League ass awer eppes kloer, et muss een an d'Matcher eragoen, fir ze punkten.

De Lëtzebuerger hir Géigner an der Nations League zielen, genee wéi och d'Rout Léiwen, net zu de
grousse Football Natiounen. Dat kann d'Kompetitioun awer extrem spannent maachen.

Spillt ee géint Frankräich, Portugal oder Italien, da ass de Stadion voll, ouni datt ee vill muss maachen.
Hei muss een awer elo d'Leit duerch d'Leeschtung an d'Punkten an de Stadion kréien. Och de Faite, datt
een an der Course ëm déi éischt Plaz ka bleiwen, kann do hëllefen.

An déi wier Synonym mat der direkter Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft. Dat wier de Summum,
deen d'Nationalequipe kéint erreechen. De Paul Philipp huet dem Nationaltrainer Luc Holtz dat awer net
als Virgab ginn, wou hie säi Kontrakt bei der FLF verlängert huet.

Een Avantage gëtt et mam Luc Holtz: "Hie leet d'Lat selwer esou héich, datt ech zu him muss soen, e soll
se méi déif leeën." An der Nations League geet de Luc Holtz an d'Matcher eran, fir ze gewannen, oder op
d'mannst fir den éischten an eisem Dëppen ze ginn. Déi Ambitiounen huet hien an déi sinn, dem FLF-
President no, och berechtegt, wann een d'Resultater aus de leschte Méint oder leschten 2 bis 3 Joer kuckt
. Mä déi Ambitiounen hunn déi aner Länner awer alleguerten och.

De Paul Philipp huet am Sport-Club och nach gesot, dass nieft dem Lännermatch den 22. Mäerz op Malta
nach een internationalen Testmatch an der leschter Woch am Mäerz hei zu Lëtzebuerg gespillt gëtt.